Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach

D'Péitrus a Paulus-Kierch vun Iechternach ass eng kathoulesch Kierch, déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.

Péitrus a Paulus-Kierch
vun Iechternach
D'Kierch vum Hl. Péitrus a Paulus

D'Kierch vum Hl. Péitrus a Paulus
D'Kierch vum Hl. Péitrus a Paulus
Uertschaft / Plaz Iechternach
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Péitrus a Paulus
Koordinaten 49° 48’ 45.1’’ N
      06° 25’ 22.2’’ O
Kierchen - Kapellen

Se steet am nordëstlechen Deel vun Iechternach an der rue de la Montagne.

D'Péitrus-a-Paulus-Kierch gouf den 28. Dezember 1961 op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[1]

Zur fréierer Par Iechternach gehéieren ausser der Péitrus a Paulus-Kierch vun Iechternach och nach d'Basilika vun Iechternach, d'Muttergotteskapell vun Iechternach an d'Kräizkapell vun Iechternach.

Geschicht

änneren

Et ass déi ursprénglech Parkierch vun Iechternach. Se staamt ongeféier aus dem Joer 1000 an ass dofir am romanesche Stil gebaut. No engem Feier am 15. Joerhonnert ass se am spéitgotesche Stil ëmgebaut ginn. Am 18. Joerhonnert huet e polygonale Chouer de romaneschen ersat. Am Chouer sinn nach Fresken ze gesinn. D'Fënstere si vum François Gillen. Am Kiercheschëff ass en Ofgoss vun enger Kräizegungsgrupp déi 1503 am lëtzebuergesche Atelier Clais hiergestallt gouf (den Original ass momentan zu Réiser). Am Nordtuerm steet e Sarkophag aus dem 17. Joerhonnert mat enger Figur vum hl. Willibrord, dee läit; an dësem Sarkophag goufe bis 1906 d'Reliquie vum Willibrord versuergt, déi elo an der Basilika ënnerbruecht sinn.

Literatur

änneren
  • Wegführer zu luxemburgischen Kirchen und Kapellen, Office national du tourisme, 1995

Kuckt och

änneren

Um Spaweck

änneren
Commons: Péitrus a Paulus-Kierch Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

änneren
  1. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 3. Juli 2024).