Rokoko-Pavillon zu Iechternach

De Pavillon am Park vum fréiere Klouschter zu Iechternach ass e Gebai, dat 1765 als Lusthaus am Stil vum däitsche Rokoko, ënner dem Abt Michel Hormann ënner Mataarbecht vum Paul Mungenast gebaut gouf.[1]

Rokoko-Pavillon zu Iechternach
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Baustil Rokoko
Datum vum Bau 1765

Wéi déi aner Gebaier vum Klouschter, an och de fréiere Klouschtergaart, gouf de Pavillon den 20. Mee 1965 op d'Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen.[2] De Pavillon gehéiert dem Lëtzebuerger Staat.[3]

Haut ass um éischte Stack vum Pavillon e klenge Musée iwwer de Baustil vun der Iechternacher Abtei mat ë. a. Maquettë vu lëtzebuergesche Bauerenhaiser.

2014-2015 gëtt de Pavillon vum Service des sites et monuments nationaux komplett restauréiere gelooss, dofir ass d'Ausstellung um éischte Stack och net zougänglech.[4] 2016 an och 2017 ginn d'Renovéierungsaarbechten ënner der Opsiicht vum Service des sites et monuments nationaux weider; 2016 gouf d'Fassad gro ugestrach, dat fir se virum Wieder ze schützen; 2017 sollen d'Renovéierungsaarbechte weidergoen.[3]

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Rokoko-Pavillon zu Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Informatiounsplack beim Pavillon
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. 3,0 3,1 Luxemburger Wort vum 19./20. Nov. 2016, S. 38.
  4. Lifting für Rokokopavillon im Park am Luxemburger Wort vum 31. Januar 2015 S. 42