Tourismus
Tourismus oder Tourissem ass en Openthalt, deen net méi laang wéi ee Joer dauert, dee baussent der alldeeglecher Wunn- an Aarbechtswelt läit, an dozou dénge soll, fir friem Plazen a Länner kennenzeléieren an/oder fir sech z'erhuelen.

Touristen op der Plage zu Cannes (1980)
Et gëtt verschidden Zorte vun Tourismus, wéi z. B. de Fräizäittourismus oder Geschäftsreesen.
Bei der Dauer vun enger Rees gëtt ënnerscheet tëscht:
- Dagesausflich (maximal 24 Stonnen ouni Iwwernuechtung)
- Kuerzreesen (Reese vun 2 bis 4 Deeg)
- Vakanzereesen (Reese vu méi wéi 4 Deeg)
- Laangzäitreesen (Reese vu méi wéi 3 Méint)
Zu LëtzebuergÄnneren
Fir den Tourismus z'ënnerstëtzen gëtt et zu Lëtzebuerg:
- den Tourismusministère;
- e Landesverband fir Tourismus, den Office national du tourisme;
- regional Verbänn fir Tourismus, d'Offices régionaux du tourisme;
- Tourismusbüroen (fr.: Office de tourisme);
- a verschidde Gemengen gëtt et:
- eng Tourismuskommissioun oder eng Kulturkommissioun, déi sech mat Tourismus befaasst;
- e Syndicat d'initiative et de tourisme, gekierzt "Syndicat" genannt;
- weider touristesch Veräiner.
Um SpaweckÄnneren
Commons: Tourismus – Biller, Videoen oder Audiodateien |