Melickshaff

Lieu-dit an der Gemeng Iechternach

De Melickshaff ass e Lieu-dit an der Gemeng Iechternach. D'Plaz huet hiren Numm vum Haff mam selwechten Numm.

Melickshaff
Aussprooch
An anere Sproochen fr: Melickshof
de: Melickshof
Land Lëtzebuerg
Kanton Iechternach
Gemeng Iechternach
Buergermeeschter Carole Hartmann (DP)
Héicht 307 m
Koordinaten 49° 48’ 23’’ N
      06° 23’ 32’’ O

Geographie änneren

De Lieu-dit läit op enger Héicht vun 307 Meter am Flouer Mélick, ronn 630 Meter nërdlech vun der Neimillen. Iwwert eng Strooss déi op der Héicht vun der Uelegsmille vun den N11 fortgeet, kënnt een dohin. Vum Melickshaff aus féiere Gemengestroossen an d'Kalkesbaach an op Heeschbech.

Geschicht änneren

Den Haff gouf 1766 eng éischt Kéier ernimmt, woubäi et housch, e wier al a baufälleg[1]. E misst deemno schonn e Strapp virdrun existéiert gehat hunn[2]. Op der Ferraris-Kaart ass en als Melingh agedroen.

Den Haff ass U-fërmeg gebaut, déi fréier viischt Fass (haut op der Gaardesäit) huet e Schlossstee mat engem Chronogramm, dee seet, datt et den Abt Mathias Hartz war, deen déi Aarbechten am Joer 1724 maache gelooss huet[2][3].

SVB
MATHIA ABBATE EPTERNACENSI
FVNDITVS ERECTA FVI

En huet, soulaang et dat gouf, zum Klouschter Iechternach gehéiert.

Duerno war et weider e Bauerenhaff. De rietse Säitefligel vum Gebai, deen am Zweete Weltkrich staark gelidden hat, gouf 1964/1965 ofgerappt an aus Käschtegrënn duerch e modernen, flaachen Ubau ersat[3]. Dëst gouf 1989 réckgängeg gemaach; den Ubau gouf ewechgemaach, de Fligel erëm opgebaut an domat d'Symmetrie vum Haff nees hiergestallt[4].

De Melickshaff gouf an den 1980er an 1990er Jore bekannt, well do d'Adepte vun der Engel Albert-Sekt zesummekoumen.

De 7. September 1987 gouf d'Gebai vum ale Melickshaff op den Inventaire supplémentaire vun der Lëscht vun de klasséierte Monumenter agedroen[5].

 
Gedenkplack fir dräi franséisch Aviateuren

Niewent dem Haff steet eng Gedenkplack fir un dräi franséisch Aviateuren z'erënneren déi deen 10. Mee 1940 iwwert Iechternach hiert Liewe gelooss hunn. D'Plack gouf de 26. September 1976 ageweit[6].

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Melickshaff – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.358-359.
  2. 2,0 2,1 Michel Schmitt: Die Bautätigkeit der Abtei Echternach im 18. Jahrhundert (1728-1793). Ein Beitrag zur Geschichte des luxemburgischen Bauwesens im Barockzeitalter. Diss Freiburg (CH) 1968; Luxembourg: Publications du Ministère des Arts et des Sciences 1970, S.187.
  3. 3,0 3,1 Plädoyer für den Melingshof. Luxemburger Wort 1976 (17. November), S. 13. — An der Iwwersetzung seet de Chronogramm: Ënner dem Abt Matthias vun Iechternach gouf ech vu Grond op nei erriicht.
  4. Georges Calteux: Das Luxemburger Bauernhaus. Bd 1, Luxemburg 1997, S.151.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  6. Luxemburger Wort, 129. Jg., n° 225, Viele Ehrengäste wohnten der Erinnerungsfeier bei (30.09.1976). Gekuckt de(n) 28.12.2021.