Musée de préhistoire Hihof

De Musée fir Virgeschicht am Hihof zu Iechternach (Musée de préhistoire Hihof) ass, wéi den Numm et seet, e Musée iwwer d'Virgeschicht. E gouf de 16. August 1984 ageweit.

Musée de préhistoire Hihof
Land Lëtzebuerg
Gemeng Iechternach
Koordinaten 49°48'46,08"N, 6°25'23,16"O
Datum vum Bau 1984

Ze gesinn ass do eng ganz Rëtsch Geschier aus der Steenzäit aus der ganzer Welt an och, wéi et fabrizéiert a fir wat et gebraucht gouf.

D'Gebai änneren

De Musée steet am Quartier "Am Sak" vum alen Iechternach. Den Hihof war an der Zäit eng Annex vum Hospiz vun der Abtei Iechternach. Seng Originne ginn an d'Spéitmëttelalter zeréck.

Am 19. Joerhonnert ass d'Gebai laang Zäit, bis 1853, als Schoulgebai (Collège municipal, duerno Progymnasium) benotzt ginn.[1] Wéi de sougenannte "Musterhof" vun der Iechternacher Ackerbauschoul, déi vun 1856 bis 1868 funktionéiert huet, sollt op d'Bee gesat ginn, ass op Lännereie vum Spidol "op Fehl" an op d'Wirtschaftsgebaier vum Hihof, deen och dem Spidol gehéiert huet, zeréckgegraff ginn.[2] Am Hihof selwer goufe mat der Zäit Wunnengen ageriicht.

An der Ardennenoffensiv gouf d'Gebai staark beschiedegt; et gouf tëscht 1978 an 1984 restauréiert.

Referenzen änneren

  1. P. Kauthen: Du Collège au Lycée classique. In: Festschrëft 150 Joer Iechternacher Kolléisch (1841-1991). Luxembourg 1992, S. 49ss. a S. 80ss.
  2. D'Ackerbauschoul war an der Krimergaass (rue des Merciers) an de Gebaier vun engem grousse Bauerenhaff, dem Emplacement vum spéidere Patregebai, ënnerbruecht (G. Theves & J.A. Massard: Die Ackerbauschule in Echternach 1856-1868. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999, S. 80 a S. 85).

Um Spaweck änneren