Robert Schaffner
lëtzebuergesche Politiker
De Robert Schaffner, gebuer de 24. Juli 1905 zu Iechternach, a gestuerwen den 2. August 1979 zu Locarno an der Schwäiz,[1] war e lëtzebuergesche Schlässermeeschter a Politiker (DP).
Robert Schaffner | |
---|---|
Gebuer |
24. Juni 1905 Iechternach |
Gestuerwen |
2. August 1979 Locarno |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Educatioun | Stater Kolléisch |
Aktivitéit | Politiker, Schmadd, Schlässer, Resistenzler |
Partei | Demokratesch Partei |
Hie war de Jong vum Mathias Schaffner, dee vun 1924 bis 1940 Buergermeeschter vun Iechternach war.
Fir un hien z'erënnere krut de Rond-point um Iergaart den Numm Rond-point Robert Schaffner.
Politesch CarrièreÄnneren
- Grënnungsmember vum GPD (Groupement Patriotique et Démocratique), aus deem spéider d'DP (Demokratesch Partei) ervirgaangen ass;
- 1945-1947 an 1970-1979: Buergermeeschter vun Iechternach;
- 1945-1947, 1951-1958, 1964-1968, 1969-1979: Deputéierten an der Chamber;
- 1947-1951: Minister fir de Verkéier, d'Ëffentlech Aarbechten an den Opbau nom Krich (Regierung Dupong-Schaus a Regierung Dupong-Schaus-Bodson);
- 1959-1964: Minister fir Ëffentlech Aarbechten a physesch Erzéiung an der Regierung Werner-Schaus I.
GielercherÄnneren
- Commandeur avec couronne vum Ordre de Mérite civil et militaire d'Adolphe de Nassau (Promotioun 1951)[2]
- Commandeur vum Ordre de la couronne de chêne (Promotioun 1952)[3]
LiteraturÄnneren
- Roemen, R., 2005. Schaffnisch Robert hätt elo 100 Jor. Lëtzebuerger Journal 2005, Nr. 141 (23./24. Juli): 6-7.
ReferenzenÄnneren
- ↑ Luxemburger Lexikon, 1. Oplo, 2006, S. 380 (de R. Schaffner ass awer net den 12. August, wéi dat am Lexikon steet, mä den 2. August gestuerwen, cf. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 6. August 1979; d'Begriefnes war de 7. August 1979, Riede goufe gehale vum Jos Massard (Gemeng Iechternach), dem Georges Hausemer (FNEL), dem Léon Bartimes (KZler) an der Colette Flesch (DP), cf. Le Républicain lorrain vum 8. August 1979: Le dernier hommage du Grand-Duché à M. Robert Schaffner).
- ↑ BULLETIN DE DOCUMENTATION - Nos 7/8/9 7e Année Luxembourg le 30 septembre 1951 Nouvelles de la Cour p 166
- ↑ Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1952 Memorial A N° 10 vun 1952