De Marcel Reuland, gebuer de 16. Mäerz 1905 zu Iechternach, a gestuerwen an der Stad den 21. Oktober 1956 war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.

Marcel Reuland
De Reuland op engem Käppchen vun 2005
Gebuer 16. Mäerz 1905
Gestuerwen 21. Oktober 1956
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Säi Liewen änneren

De Marcel Reuland koum als éischt vun aacht Kanner vum Professer Michel Reuland (1877-1955) zu Iechternach op d'Welt. Nodeem de Papp 1921 seng Ernennung zum Schoulinspekter fir de Bezierk Lëtzebuerg krut, ass hie mat der Famill an d'Stad geplënnert. No der Première am Kolléisch huet de Marcel Reuland op de Cours supérieurs Philologie a Philosophie studéiert. Dat Studium huet en awer eréischt fäerdeggemaach, nodeem en zu Antwerpen Ekonomie geléiert hat a keng Plaz zu Lëtzebuerg fonnt hat. Dat huet hien dozou bruecht fir Literaturwëssenschaft ze léieren. Am Mäerz 1934 huet e promovéiert; seng Léierfächer goufe Latäin a Franséisch. Wärend dem Zweete Weltkrich war hien, mat kuerzen Ënnerbriechungen, an der Industrie- an Handelsschoul um Lampertsbierg ugestallt.

Säi literarescht Wierk änneren

1969 koum Dem Marcel Reuland sai Wierk beim Verlag Madame-Marcel-Reuland eraus.[1] Am Oktober 2005, mat Zäit fir dem Reuland säin 100. Gebuertsjoer, koum eng Neioplo eraus.[2] Sou ass dem Marcel Reuland säi Wierk iwwerhaapt nees ze kréien, an dat an der "offizieller" Schreifweis.

Dem Reuland seng Schreifsprooch war eng Mëschung tëscht dem Méischtrëffer vu sengem Papp an dem Beeforter vu senger Mamm.

Kaméidistécker änneren

  • D'Spill vun der Bidden
  • Op der Kirmes
  • Gudd Noperen
  • De Friddche muss dru gläwen
  • De Friddche get Dokter
  • De Märtes a seng Wonnergei
  • D'Guckucksblummen

Gedichter änneren

  • Schlofliddchen
  • Al Haiser

Literatur änneren

  • Reuland, Marcel, 1969. Dem Marcel Reuland sai Wierk. Luxembourg: Impr. centrale, Verl. Madame M. Reuland. XV, 448 S.
  • Reuland, Marcel, 2005. Dem Marcel Reuland säi Wierk. Erausgi vum Institut grand-ducal, Section des arts et des lettres. Vierwierder: Fernand Hoffmann, Pierre Schumacher. Bertrange, Rapidpress. 509 S. ISBN 2-9599954-8-1.

Verschiddenes änneren

  • De 27. September 2005 huet d'Post an hirer Timber-Serie "Bekannte Perséinlechkeeten" een erausgi mam Marcel Reuland drop. De Kofferstéch ass vum Guillaume Broux vu Malines. De Postwäert ass 0,90 €.
  • An der Stad, zu Esch-Uelzecht an zu Zolwer gëtt et eng Strooss mat sengem Numm.

Um Spaweck änneren

Referenzen änneren

  1. Cf. Reuland 1969 an der Literatur.
  2. Cf. Reuland 2005 an der Literatur.