Kräizkapell Iechternach

D'Kräizkapell zu Iechternach ass eng kathoulesch Kapell déi zur Par Regioun Iechternach Saint-Willibrord, zum Dekanat Osten an zu der Gemeng Iechternach gehéiert.

Kräizkapell Iechternach

Uertschaft / Plaz Iechternach
Par Regioun Iechternach
Saint-Willibrord
Dekanat Dekanat Osten
Numm / Patréiner Hl. Kräiz
Konsekratioun 1560
Proprietär Kierchefong[1]
Koordinaten 49° 48’ 30.0’’ N
      06° 25’ 59.4’’ O
Kierchen - Kapellen

Se steet am ëstlechen Deel vun Iechternach an der rue Sainte Croix, enger Säitestrooss vun der N11A.

De 27. Mee 1963 gouf d'Kapell op der Lëscht vun de klasséierte Monumenter als nationaalt Monument agedroen[2].

Zur fréierer Par Iechternach gehéieren ausser der Kräizkapell vun Iechternach och nach d'Basilika vun Iechternach, d'Péitrus a Pauluskierch vun Iechternach an d'Muttergotteskapell vun Iechternach.

Geschicht änneren

D'Kräizkapell gouf 1524 vum Wilhelm vu Lelleg, dee Probst vu Bitbuerg, Iechternach an Dudeldorf war, a senger Fra, dem Katharina vu Wampach, gestëft.[3] D'Kapell louch deemools an der Noperschaft vum Sichenhaus, wou Leit mat ustiechene Kränkte baussent de Stadmaueren hiverfracht goufen. D'Kapell gouf 1560 konsekréiert a gouf dem hellege Kräiz an der helleger Muedeléin geweit. Um Enn vum 17. Joerhonnert huet de Jean Theodor Mohr de Waldt se restauréiere gelooss, an eng Reliquie vum hellege Kräiz do hannerlooss. 1733 gouf nieft der Kapell eng Klaus gebaut, an där bis 1783 noenee verschidde Klausener gewunnt hunn.

1798 gouf d'Kapell versteet, a koum, no verschiddene Proprietairen, 1811 nees an de Besëtz vum Deche vun Iechternach. Dësen huet d'Gebai an d'Rei brénge gelooss, a Grafplacke vun der Famill Mohr de Waldt goufen aus dem fréiere Klarisseklouschter dohi bruecht. 1853 gouf se grëndlech restauréiert a vergréissert, 1863 goufen d'Schëff an den Tuerm nei opgebaut. No de Schied, déi s'an der Ardennenoffensiv erlidden hat, gouf d'Kapell 1950-52 nees an d'Rei gesat. 1988 gouf de Mobiliar restauréiert.

Den Altor vun der Kräizkapell kënnt aus der Péitrus a Pauluskierch vun Iechternach.

Literatur änneren

  • Bernard-Jacques Thiel: "La chapelle Sainte-Croix chez Echternach et son ermitage". In: Hémecht 1949/1, 37-56.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Kräizkapell Iechternach – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gesetz iwwer d'Gestioun vun de reliéise Gebaier
  2. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  3. Quell, wou net anescht uginn: Mayer, Christina, 2010, Topographie der Baukultur des Großherzogtums Luxemburg, Band 1: Kanton Echternach. Ministère de la culture, Service des sites et monuments nationaux, ISBN 978-2-495-15120-7, S.350-351.