Triathlon
Triathlon ass eng relativ rezent Kompetitiounssportaart, déi dora besteet, dräi Sportdisziplinnen hannereneen um Stéck ze absolvéieren: Schwammen, Vëlofueren a Lafen, woubäi d'Zäit vum Ufank bis zum Schluss gekuckt gëtt. D'Wuert gouf aus de griichesche Wierder tri (dräi) an athlon (Kompetitioun) zesummegesat.
En ass a senger moderner Form 1974 an den USA entstanen a verbreet sech zanterhier uechter d'ganz Welt. 2000 gouf en zu enger olympescher Disziplin. D'Distanze si jee no Kompetitioun verschidden; op den Olympesche Spiller sinn et 1500 Meter Schwammen, 40 Kilometer Vëlofueren an 10 Kilometer Lafen.
Um internationale Plang gëtt dëse Sport duerch d'Fédération internationale de triathlon (ITU) gereegelt.
Leit, déi dëse Sport maachen, ginn Triathlete genannt.
Triathlon zu LëtzebuergÄnneren
Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren. |
Um SpaweckÄnneren
Commons: Triathlon – Biller, Videoen oder Audiodateien |