Käschtebam zu Iechternach

Deel vun de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg

Dee bemierkenswäerte Käschtebam (Aesculus hippocastanum) zu Iechternach steet nieft der Péitrus a Paulus-Kierch, der aler Parkierch vun der Stad.

De Käschtebam um Hiwwel nieft der Péitrus a Paulus-Kierch. Vir am Bild d'Monument vum 1300-järege Jubiläum vun der Stad Iechternach.
De Käschtebam vun der Kierch aus gesinn.

De Bam, deem säin Alter op 100-120 Joer geschat gëtt, gehéiert virun allem wéinst der historescher Plaz op där e steet zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg.

Geographesch Koordinaten: 49° 48’ 44.64’’ N 06° 25’ 21.99’’ O

InteressantesÄnneren

  • D'Kierch Saint-Pierre-et-Paul an och d'Terraine ronderëm sinn als national Monumenter klasséiert.
  • D'Stammdéckt vum Käschtebam, op Broschthéicht gemooss, huet sech follgendermoossen entwéckelt:
    • 1980: 2,41 m
    • ëm 2000: 3,39 m bei enger Gréisst vun 20 m.
  • De Bam gouf 1976 restauréiert.
  • Nieft der Entrée vun der Péitrus a Paulus-Kierch steet en anere Bam, deen zu de bemierkenswäerte Beem zu Lëtzebuerg gezielt gëtt: eng Summerlann (Tilia platyphyllos), mat enger Gréisst vun 22 m (ëm 2000 gemooss).
  • Op dem Wues um Fouss vum Hiwwel stoung fréier eng Statu vun der Irmina vun Oeren. Si gouf 1997 ersat duerch e Monument, dat am Kader vun de Feierlechkeete vum 1300-järege Jubiläum vun der Stad Iechternach vum lëtzebuergesche Sculpteur Alex Reding an Zesummenaarbecht mam Götz Arndt realiséiert gouf. Et besteet aus véier quadratesche Steng, déi un d'Manuskriptsäit mam “imago hominis”, dem Symbol vum hl. Matthäus, aus dem sougenannten Iechternacher Evangeliar aus dem 7. Joerhonnert erënnere sollen. D'Monument gouf den 8. November 1997 feierlech ageweit.

Kuerzen Historique vun de Bauten um HiwwelÄnneren

Well vum Hiwwel aus d'Strooss am Dall, a besonnesch och d'Furt an de Bac iwwer d'Sauer liicht konnten iwwerwaacht ginn, gouf et hei schonn zur Réimerzäit eng befestegt Anlag. De Passage iwwer d'Sauer huet zum Kiem gehéiert dee vun Altréier op Bitburg gefouert huet.

D'archeologesch Ausgruewungen aus de Joren 1959 bis 1966 hu gewisen, datt do zur Réimerzäit zwou Festungsmauere gebaut goufen: eng éischt ëm 275 an eng zweet ëm 375 n. Chr. No der Christianiséierung ass op där Plaz eng kleng Abtei entstanen, déi d'Irmina vun Oeren dem Willibrord am Joer 698 geschenkt huet.

D'Parkierch gouf am 11. Joerhonnert gebaut, woubäi e véierreckege réimesche Bau als Krypta ëmgebaut gouf.

QuellenÄnneren

  • J.-M. Sinner et al., 2002. Les arbres remarquables. Administration des eaux et forêts. Musée national d'histoire naturelle. 255 S. (Cf. S. 136-137, Text a Foto).
  • Administration des eaux et forêts, 1981. Arbres remarquables du Grand-Duché de Luxembourg. Imprimerie Saint-Paul, 167 S. (Cf. Tabell S. 126; keng Beschreiwung a keng Foto heiran).
  • Fir den Historique: Panneau (2008) op enger vun de Mauere vun der Péitrus a Paulus-Kierch.
  • Fir d'Monument: P. Kauthen, 1999. Echternach 698-1998: Chronik des Jubiläumsjahres. In: Annuaire de la Ville d'Echternach 1999: 363-403 (Cf. S. 365-370).

Kuckt ochÄnneren

Um SpaweckÄnneren