Foussgängerbréck zu Iechternach

D'Foussgängerbréck vun Iechternach ass eng Grenzbréck iwwer d'Sauer. Si verbënnt Iechternach mat Fölkenbach an Däitschland.

Foussgängerbréck zu Iechternach

Et ass eng Plackendunnebréck an huet eng Längt vun 82 m.

D'Dunn déi d'Bréck dréit ass 2 m breet, an den Tablier aus virgespaantem Bëtong ass 1 m déck. D'Bréck huet dräi Felder mat follgende Moossen: 23,00 m - 36,00 m - 23,00 m.

Se gouf 1974 an der Zäit vun 200 Deeg gebaut, a si gëtt vun der Vereinigung Deutsch-Luxemburgischer Natupark ënnerhalen. D'Bréck hat deemools 301.050 DM kascht. D'Land Rheinland-Pfalz hat 60 % dovun iwwerholl. Den Äifelkrees Béibreg-Prüm hat zesumme mat der Gemeng Iechternacherbréck 10 % iwwerholl, an de Rescht gouf vum Lëtzebuerger Staat, der Gemeng Iechternach an dem Iechternacher Verschéinerungsveräin zu gläichen Deeler bezuelt.

Kuckt och änneren

Literatur änneren

Artikelen an der Press änneren

  • Trierische Landeszeitung Nr. 157 vum 10.07.1973
  • Luxemburger Wort Nr. 266 vum 21.11.1974