Jean Massard (Foussballspiller)

lëtzebuergesche Foussballspiller
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem lëtzebuergesche Foussballspiller. Fir aner Persoune mat deem Numm, kuckt wgl. Jean Massard.

De Jean Massard, gebuer de 17. September 1894 an der Stad Lëtzebuerg an do gestuerwen den 3. Februar 1930, war e lëtzebuergesche Foussballspiller an Olympionik.[1]

Jean Massard
Déi lëtzebuergesch Foussballnationalequipe bei den olympesche Summerspiller vun 1920. V.l.n.r. Jos Koetz, Robert Elter, Emile Hamilius, Thomas Schmit, Michel Ungeheuer, Arthur Leesch, Léon Metzler, Tiny Langers, Camille Schumacher, Jean Massard
Gebuer 17. September 1894
Lëtzebuerg
Gestuerwen 3. Februar 1930
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Foussballspiller
Positioun oder
Spezialitéit
Ugräifer
Veräin/Ekipp Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 20. Abrëll 1913 am 28. August 1920 huet de Jean Massard dräimol fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp gespillt an dobäi huet hien den 8. Februar 1920 am Match géint Frankräich 4 Goler geschoss.[2]

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1920 zu Antwerpen vertrueden.[3]

Kuckt och änneren

Referenzen änneren

  1. De Jean Massard op der Websäit vu sports-reference.com
  2. D'Lëscht vun de Lännermatcher vum Jean Massard op der Websäit vun European Football
  3. De Jean Massard op der Websäit vun der 'Association Luxembourgeoise des Olympiens'