Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Albert van Houtte, gebuer 12. November 1914 zu Nieuwkapelle (Diksmuide), a gestuerwen de 15. Mee 2002 zu Ixelles, war Belsch, a war Greffier um Geriichtshaff vun der CECA a spéider um Europäesche Geriichtshaff (1953-1982). Hie war aktiv un der Schafung vun der Europaschoul zu Lëtzebuerg an un hirem Ausbau bedeelegt. Well den Albert van Houtte bei der Installatioun vun den Europäeschen Institutiounen zu Lëtzebuerg vun Ufank un derbäi war, si säin Témoignage a seng Souveniren aus der europäescher Pionéierzäit ganz interessant.

Albert van Houtte
Gebuer 12. November 1914
Gestuerwen 15. Mee 2002
Aktivitéit Greffier

Seng Formatioun

änneren

Den Albert van Houtte war de Fils vum Camille van Houtte, Buergermeeschter zu Nieuwkapelle (1904-1930) a vun der Elodie Leuridan. Hie war mat der Antoinette Mairiaux bestuet.

  • Formatioun:
    • Docteur en Droit (Universitéit vu Louvain: 1933-1938)
    • Licencié en sciences économiques et sociales (Universitéit vu Louvain 1938-1940)

Seng Karriär

änneren
  • Assistent um Institut des Sciences économiques vu Louvain (1939-1940)
  • Sekretär vun der Administrativer Kommissioun vun de Louvainer Prisongen (1937-1946)
  • Conseiller économique et fiscal vum belsche Boerenbond (1940-1944)
  • Kabinettchef vun de belsche Landwirtschatsministeren: Grof Henri de la Barre Erquelinnes a Louis Delvaux (1944-1945)
  • President vum belschen Nationalcomité bei der FAO (1949-1953)
  • Greffier vum Geriichtshaff vun der CECA zu Lëtzebuerg (1953-1958)
  • Greffier vum Geriichtshaff vun den Europäesche Communatéiten (1958-1982)
  • President vum Elterencomité vun de Schüler vun der Europaschoul (Matgrënner vun der Europaschoul zu Lëtzebuerg an den aneren Europaschoulen (1953-1965)

Seng Auszeechnungen (Auswiel)

änneren

Seng Publikatiounen

änneren
  • Van Houtte,Albert: Souvenirs de la Cour de justice 1953-1982 (Voir European Navigator)

Um Spaweck

änneren