Armand Collard

belsche Resistenzler

Den Armand Collard gebuer zu Harre de 17. Oktober 1914 a gestuerwen zu Léck de 7. Juni 1944 war e belsche Resistenzler am Zweete Weltkrich.

Armand Collard
Gebuer 17. Oktober 1914
Harre
Gestuerwen 7. Juni 1944
Zitadell vu Léck
Nationalitéit Belsch
Aktivitéit Resistenzler

Den Armand Collard war de Grënner vum 1. groupe actif am Oktober 1941. Hie war Member vun der Armée sécrète (AS ZV S4 groupe Byl)[1] Am Februar 1944 war seng Grupp verrode ginn an de 26. Februar huet d'Wehrmacht d'Stopp am Bësch bei Harre ugegraff. Am Verlaf vun de Kämpf vun deem Dag a vun den Deeg duerno an der Géigend vu Ferrières a beim Schlass vu Grimonster war den Armand Collard gefaange geholl ginn. Hie gouf an der Zitadell vu Léck erschoss, ouni datt d'Gestapo erausfonnt hat, datt hien de Chef vun der Grupp Byl[2] war. No sengem Doud huet säi Brudder Adrien de Kommando vun der Grupp iwwerholl.

Referenzen an Notten änneren

  1. AS=Armée sécrète; ZV= Zone 5; S4=Sektioun 4
  2. Byl war dem Armand Collard säi Spëtznumm, an dohier den Numm vun der Grupp