Desmond Llewelyn

brittesche Schauspiller

Den Desmond Wilkinson Llewelyn, gebuer den 12. September 1914 zu Newport, a gestuerwen den 19. Dezember 1999, war e walisesche Schauspiller.

Desmond Llewelyn
Gebuer 12. September 1914
Gestuerwen 19. Dezember 1999
Ost Sussex
Doudesursaach Verkéiersaccident
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller, Televisiounsschauspiller

De Llewelyn gouf besonnesch wéinst senger Roll als Q an 18 James Bond-Filmer bekannt. Hien huet an deenen de Chef vun der Q-Abteilung vum brittesche Geheimdéngscht MI6 gespillt, déi de Bond mit allerhand technesche Spillereien ekipéiert huet.

Den Desmond Llewelyn, de Jong vun engem Kuelegrouweningenieur wollt ursprénglech Geeschtleche ginn. Op der Highschool huet en a munnechen Theaterstécker matgespillt an hien huet mat der Zäit dru Gefale fonnt.

No dem Zweete Weltkrich, an deem hien eng laang Zäit an engem däitsch Krichgefaangenelager verbruecht huet, ass hie weidergefuer mat senger Theatercarrière.

D'Bond-Filmer änneren

1963 gouf de Llewelyn engagéiert fir am zweeten James Bond-Film From Russia with Love de Major Boothroyd ze spillen, besser bekannt als Q. Hien huet vun deem Moment un an alle Bond-Filmer (bis op den Live and Let Die) déi selwecht Roll gespillt. Den The World is Not Enough war säi leschten. Säin Nofollger gouf den John Cleese.

Den Desmond Llewelyn ass den 19. Dezember 1999 bei engem Autosaccident zu Firle am Ost Sussex ëm d'Liewe komm. Hie war um Heemwee vun enger Autogrammstonn.

Filmographie änneren

Kino änneren

Um Spaweck änneren

Commons: Desmond Llewelyn – Biller, Videoen oder Audiodateien