Adrien van Kauvenbergh

lëtzebuergesche Jurist a Politiker

De Pierre Jean Adrien van Kauvenbergh[1], gebuer den 12. Juli 1914 zu Réiden op der Atert a gestuerwen den 13. Juli 2002[2] an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergesche Jurist a Politiker.

Adrien van Kauvenbergh
Gebuer 12. Juli 1914
Réiden op der Atert
Gestuerwen 13. Juli 2002
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker, Affekot
Partei LSAP, SDP
Um Nikloskierfecht.

Den Adrien van Kauvenbergh huet zu Bréissel op der ULB Droit studéiert a war vun 1939 un Affekot an der Stad Lëtzebuerg, am Ufank als Stagiaire an der Etüd Jos. Thorn, spéider als Avocat-avoué mat enger eegener Etüd. Am 2. Weltkrich war hie vum Naziokkupant op Dortmund versat ginn.

No de Chamberwale vum 21. Oktober 1945 koum den Adrien van Kauvenbergh als Vertrieder vun der LSAP an d'Chamber, wou hie wärend fënnef Legislaturperioden als Deputéierten aktiv war: 1945-1951, 1951-1954, 1954-1958, 1961-1964 an 1964-1968.

Vum 1. Januar 1946 war den Adrien van Kauvenbergh och Member vum Stater Gemengerot, bis zu senger Demissioun de 16. Juni 1969. Wéi am Joer 1970 d'SdP gegrënnt ginn ass, huet den Adrien van Kauvenbergh d'LSAP verlooss a sech där neier Partei ugeschloss. Am Joer 1975 ass hien op der Lëscht vun der SdP an de Stater Gemengerot gewielt ginn, wou hie bis un d'Enn vu sengem Mandat (1981) bliwwen ass.

Den Adrien van Kauvenbergh war vun 1967 bis 1972 President vun der Velosfederatioun. Hie war den Nofollger vum Paul Wilwertz.

Dem Adrien van Kauvenbergh säi Papp war de Pierre van Kauvenbergh, Enregistrementsbeamten zu Gréiwemaacher[3], zu Réiden op der Atert[4] an an der Stad[3], gebuer den 22. Abrëll 1878 zu Dikrech[1] a gestuerwen den 1. Oktober 1940 an der Stad Lëtzebuerg[5]. Seng Mamm war d'Eléonore Reis, gebuer den 19. Februar 1884 zu Weiler[1] a gestuerwen an der Stad den 23. Oktober 1943[6]. D'Koppel hat sech de 5. November 1909 zu Pëtschent bestuet.[1]

Gielchen änneren

Literatur änneren

  • Anonym, 2002. In Memoriam: Adrien van Kauvenbergh ist tot. Lëtzebuerger Journal 2002, Nr. 134 (16. Juli), S. 2.
  • Anonym, 2002. Me Adrien van Kauvenbergh †. Luxemburger Wort 2002 (16. Juli).
  • Bodry, A. & Fayot, B., 2016. 120 Jor sozialistesch Deputéiert an der Lëtzebuerger Chamber (1896 - 2016): dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des députés. La mémoire socialiste, Luxembourg, 329 S. [Adrien van Kauvenbergh, S. 190].
  • B. Fayot, S. Hoffmann, J. Maas & R. Steil, 1997. 100 Joer sozialistesch Deputéiert an der lëtzebuerger Châmber: Dictionnaire biographique des députés socialistes à la Chambre des Députés. Édition La Mémoire Socialiste, Luxembourg, 171 S. [Adrien van Kauvenbergh, S. 135-136].

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 1,3 deltgen.com [1].
  2. Doudesannonce am Luxemburger Wort vum 16. Juli 2002.
  3. 3,0 3,1 Massard, J.A., 2015. La Société des naturalistes luxembourgeois de 1890 à 2015. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois 116, S. 84-85.
  4. Memorial 1913, S. 269 Archivéiert op 2016-03-05. Gekuckt de(n) 2013-02-27.
  5. Luxemburger Wort 1940, Nr. 278 (4. Oktober), S. 6
  6. Luxemburger Wort 1943, Nr. 298 (25. Oktober), S. 6
  7. Memorial A N° 10 vun 1956 mat der Lëscht vun de Leit déi 1956 am Ordre de la couronne de chêne dekoréiert goufen