Haaptmenü opmaachen

Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg

Disambig.svg Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Groussherzogin Marie-Adélaïde. Fir aner Frae mat deem Numm, kuckt wgl. Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg (Homonymie).

D'Marie Adélaïde Theresia Hilda Antonia Wilhelmina vu Lëtzebuerg, gebuer de 14. Juni 1894[1] op Schlass Bierg a gestuerwen de 24. Januar 1924 um Schlass Hohenburg a Bayern, war vun 1912 bis 1919 Groussherzogin vu Lëtzebuerg.

Marie-Adélaïde vu Lëtzebuerg
Marie-Adélaïde, Grand Duchess of Luxembourg.jpg
Titelen
Virgänger Wëllem IV.
Nofolger Charlotte
Biographie
Gebuer 14. Juni 1894
Schlass Bierg
Gestuerwen 24. Januar 1924
Papp Wëllem IV. vu Lëtzebuerg
Mamm Maria Ana vu Bragança
Geschwëster Charlotte vu Lëtzebuerg, Sophie vu Lëtzebuerg, Antonia vu Lëtzebuerg, Hilda vu Lëtzebuerg, Élisabeth vu Lëtzebuerg

Nom Doud vun hirem Papp, dem Wëllem IV. huet der Marie-Adélaïde hir Mamm, d'Groussherzogin Marie-Anne, d'Regentschaft iwwerholl, bis zu der Marie-Adélaïde hirer Volljäregekeet, de 15. Juni 1912.

Déi kuerz Herrschaft vun der Groussherzogin Marie-Adélaïde war markéiert duerch schwéier bannepolitesch Konflikter, notamment de Sträit ëm d'Schoulgesetz vun 1912, an d'Besatzung vu Lëtzebuerg duerch däitsch Truppen am Éischte Weltkrich.

Anescht wéi hir Virgänger huet d'Marie-Adélaïde probéiert, an d'aktuell Regierungsgeschäfter anzegräifen. Sou huet se z. B. gezéckt, fir d'Schoulgesetz vun 1912, dat op staarke Widderstand vu kathoulescher Säit gestouss ass, z'ënnerschreiwen, a se huet 1915 eng Regierung ernannt, där d'Chamber d'Vertrauen net votéiert huet, wouropshin se kuerzerhand d'Chamber opgeléist huet.

Well s'och wärend dem Krich den däitsche Keeser Wilhelm II. empfaangen hat, deen 1914 säi Quartier général zu Lëtzebuerg hat, gouf hir nom Krich virgehäit, eng ze vill däitschfrëndlech Haltung gewisen ze hunn, a sou huet se missen, op Drock vun den Alliéierten, den 9. Januar 1919 ofdanken.

1920 ass d'Marie-Adélaïde zu Modena an e Karmeliterinneklouschter agetrueden, a méi spéit bei de "Klenge Schwëstere vun den Aarmen" zu Roum. Hire Gesondheetszoustand war awer sou schlecht, datt se huet missen op d'Klouschterliewe verzichten, a s'ass op d'Schlass Hohenburg a Bayern geplënnert, wou se, mat nëmmen 29 Joer, gestuerwen ass.

Hir stierflech Iwwerreschter goufen den 22. Oktober 1947 an der Krypta vun der Stater Kathedral bäigesat.

Éierungen

Stroossen, déi no der Marie-Adelaïde genannt sinn, gëtt et zu Hollerech, zu Péiteng, zu Beetebuerg, an eng Avenue zu Munneref.

Literatur

Kuckt och

Um Spaweck

Referenzen

  1. Guillaume IV (1852-1912), Le mariage avec Marie-Anne de Bragance