Norman Ernest Borlaug

amerikaneschen Agrarwëssenschaftler

Den Norman Ernest Borlaug, gebuer de 25. Mäerz 1914 zu Cresco, Iowa, a gestuerwen den 12. September 2009 zu Dallas, Texas, war en US-amerikaneschen Agrarwëssenschaftler.

Norman Ernest Borlaug
Gebuer 25. Mäerz 1914
Cresco
Gestuerwen 12. September 2009
Dallas
Nationalitéit USA
Educatioun University of Minnesota
Aktivitéit Biolog, Universitéitsprofesser, Geneetiker, Agronom, Ingenieur
Member vun Royal Society, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Chineesesch Akademie fir Ingenieurswëssenschaften, Polnesch Akademie vun de Wëssenschaften, American Academy of Arts and Sciences, Ungaresch Wëssenschaftsakdemie, Royal Society of Edinburgh

Hien huet un der Ziichtung vun ë. a. Weess, Räis a Mais geschafft, déi et erméiglecht hunn, Recoltë spektakulär z'erhéijen. Hie gëllt och als wiesentlechen Initiator vun der sougenannter Grénger Revolutioun an den Entwécklungslänner, déi Millioune Mënsche virum Erhéngere gerett huet.

De Borlaug huet fir säin Asaz a seng Aarbechte fir den Ertrag vun der Landwirtschaft ze verbesseren, 1970 de Friddensnobelpräis kritt, an 2007 fir säi Liewenswierk d'Gëllen Éieremedail vum Kongress, déi héchst Distinctioun vun den USA.

Um Spaweck änneren

Commons: Norman Borlaug – Biller, Videoen oder Audiodateien