Den Thor Heyerdahl, gebuer de 6. Oktober 1914 zu Larvik, an Norwegen a gestuerwen den 18. Abrëll 2002 zu Colla Micheri, an Italien, war en norwegeschen Archeolog, Anthropolog, Ethnolog an Ëmweltaktivist. Hie gëllt als dee Wëssenschaftler, deen d'experimentell Archeologie etabléiert an engem grousse Public bekannt gemaach huet. Hien ass och ee vun de bekanntste Vertrieder vum modernen Diffusionismus.

Thor Heyerdahl
Gebuer 6. Oktober 1914
Larvik
Gestuerwen 18. Abrëll 2002
Doudesursaach Hirekriibs
Nationalitéit Norwegen
Educatioun Universitéit Oslo
Aktivitéit Explorateur, Anthropolog, Archeolog, Historiker, Dréibuchauteur, Mierbiolog, Filmregisseur, Séimann, Schrëftsteller
Member vun Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften
Famill
Bestuet mat Jacqueline Beer
Den Thor Heyerdahl
D'Ra II

Den Thor Heyerdahl huet vun 1933 bis 1936 op der Universitéit vun Oslo Zoologie a Geographie studéiert. Mat senger Fra Liv huet hien duerno ee Joer laang op der isoléierter Insel Fatu Hiva, enger vun de Marquisen-Inselen am Pazifeschen Ozean gelieft fir ze studéieren, wéi een do, back to Nature, mat natierleche Mëttelen (iwwer)liewe kann.

Nom Zweete Weltkrich, wou en agezunn war, huet hien ugefaangen, u sengem Projet ze schaffen, fir ze beweisen, datt d'Awunner vu Polynesien ursprénglech aus dem haitege Peru hierkéimen, andeems se mat engem hëlzene Boot dohigefuer wieren. Hien huet dofir selwer sou ee Boot no historesche Modeller gebaut, dat e Kon-Tiki genannt huet, an ass (zu e puer) op eng Rees iwwer d'Mier gaang, wou en no 101 Deeg effektiv, vu Wand a Stréimung gedriwwen, no 6.880 km, um Atoll Raroiaa a Franséisch-Polynesien ukomm. D'Buch doriwwer, dat och Kon-Tiki heescht, gouf e Bestseller. (Jore méi spéit gouf mat DNA-Analys festgestallt, datt d'Polynesier aus Asien hierkoumen.)

An de Joren duerno huet den Heyerdahl änlech Expeditioune gemaach: 1953 op d'Galapagosinselen an 1955-56 op d'Ouschterinselen. 1969/1970 huet hien al-egyptesch Booter aus Lëtschen nogebaut, déi e Ra genannt huet. Hei goung et em drëms, ze weisen, datt schonn déi Al Egypter et bis an Amerika gepackt kéinten hunn. Den éischte Versuch ass näischt ginn, mä mam Ra II ass en effektiv vu Marokko bis an d'Karibik, op Barbados, geseegelt. 1978 huet en e Lëtscheboot no sumereschem Virbild gebaut, d'Tigris, fir vu Syrien an Indien ze fueren, hien huet d'Rees awer um Har vun Afrika ofgebrach, fir géint de Krich do ze protestéieren.

Säi Fim Kon-Tiki huet 1951 den Oscar fir de beschten Documentaire gewonnen.

Wierker änneren

  • Fatu Hiva (1938, nei Oplo 1974)
  • Kon-Tiki (1948)
  • Aku-Aku (1957)
  • The Ra Expeditions (1970)
  • Early men and the Ocean (1978)
  • The Tigris Expedition (1979)

Um Spaweck änneren