Hedy Lamarr

éisträichesch-amerikanesch Schauspillerin an Erfinderin

D'Hedy Lamarr, gebuer als Hedwig Eva Maria Kiesler den 9. November 1914 zu Wien a gestuerwen den 19. Januar 2000 zu Altamonte Springs a Florida, war eng éisträichesch-US-amerikanesch Filmschauspillerin. Do dernieft ass si och, zesumme mam Komponist George Antheil, d'Erfinderin vum Procédé vum Frequenzsprong, deen haut eng wichteg Roll an der Mobilfunktechnik spillt.

Hedy Lamarr
Gebuertsnumm Hedwig Eva Maria Kiesler
Gebuer 9. November 1914
Wien
Gestuerwen 19. Januar 2000
Casselberry
Doudesursaach Häerz-Kreeslafkrankheet
Nationalitéit Éisträich, USA
Aktivitéit Schauspiller, Erfinder, Autobiograph, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmproduzent, Museker, Mannequin, Entertainer
Famill
Bestuet mat Fritz Mandl, Gene Markey, John Loder, Teddy Stauffer
D'Hedy Lamarr (1947).

Liewen änneren

No e puer FIlmer, dorënner Man braucht kein Geld mam Heinz Rühmann a mam Hans Moser, hat si 1933 d'Haaptroll am tschechoslowakesch-éisträichesche Film Symphonie der Liebe (besser bekannt ënner dem Titel Ekstase), deen héich Welle geschloen huet, well se doran e puermol plakeg duerch d'Gewan leeft, an eng Groussopnam vun hirem Gesiicht weist, wéi se Plaiséier an enger Libeszeen huet.

1933 huet se de Wiener Industriellen a Waffefabrikant Fritz Mandl bestuet, deen hir verbueden huet, ze filmen, an dee mam Mussolini a mam Hitler Geschäfter gemaach huet. 1937 hat s'es genuch dovun, an ass iwwer Paräis op London geflücht. Do gouf se vum Louis B. Mayer fir d'MGM ënner Kontrakt geholl, woubäi se hire Pseudonym Hedy Lamarr krut a mat hir als "schéinst Fra vun der Welt" Reklamm gemaach gouf. Hiren éischten Hollywoodfilm Algiers (1938) mam Charles Boyer huet direkt ageschloen, an hire Stil gouf vu ville Schauspillerinne kopéiert. Hire gréisste finanzielle Succès war Samson and Delilah (1949) vum Cecil B. DeMille.

D'Hedy Lamarr ass haut och bekannt fir 1942 zesumme mam Komponist George Antheil e Patent ugemellt ze hunn, fir Torpedoen iwwer Funk ze steieren, bei deem d'Frequenz ëmmer nees wiesselt. E gouf awer net vum amerikanesche Militär agesat. Haut kënnt de gläichzäitege Frequenzwiessel (frequency-hopping) an der Kommunikatiounstechnik zum Beispill bei Bluetooth-Verbindungen oder bei der GSM-Technik zum Asaz.

Filmographie änneren

Autobiographie änneren

  • Hedy Lamarr: Ecstasy and Me. My Life as a Woman. Bartholomew House, New York 1966.

Literatur änneren

  • Jochen Förster (Bearbeiter), Anthony Loder: Hedy Darling. Hollywood-Ikone, Technik-Pionierin, gefallener Stern. Das filmreife Leben der Hedy Lamarr erzählt von ihrem Sohn [Anthony]. Ankerherz, Hollenstedt 2012, ISBN 978-3-940138-25-5; revidierte Neuausgabe: Mrs. Bluetooth. Die Geschichte eines vergessenen Genies - erzählt von ihrem Sohn, Ankerherz, Hollenstedt 2014, ISBN 978-3-940138-46-0.
  • Richard Brem, Theo Ligthart (Hrsg.): Hommage à Hedy Lamarr. In: Sumpfbuch Band 7. Edition Selene, Wien, 1999, ISBN 3-85266-107-2
  • Peter Kranzpiller: Hedy Lamarr. In: Stars der Kinoszene Band 13, Eppe, Bergatreute 1997, ISBN 3-89089-683-9.
  • Richard Rhodes: Hedy's Folly. The Life and Breakthrough Inventions of Hedy Lamarr, the Most Beautiful Woman in the World. Doubleday, New York City 2011, ISBN 978-0-385-53438-3.
  • Christopher Young: The Films of Hedy Lamarr. Citadel Press, Secaucus 1980, ISBN 0-8065-0698-9 (Erstauflage 1978).

Um Spaweck änneren

Commons: Hedy Lamarr – Biller, Videoen oder Audiodateien