Mett Hoffmann

lëtzebuergesche Moler

De Mett Hoffmann, gebuer de 15. Januar 1914 an der Stad Lëtzebuerg, an do gestuerwen de 14. Abrëll 1993, war e lëtzebuergesche Moler.

Mett Hoffmann
Gebuer 15. Januar 1914
Gestuerwen 14. Abrëll 1993
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
Fënster am Kolumbarium zu Gréiwels (1982)

Säi Liewen änneren

De Mett Hoffmann, deem säi Papp Lokomotivchauffer war, ass zu Hollerech op d'Welt komm. Schonn als Kand huet hie vill gezeechent, woubäi hie sech vu Postkaarte mat Landschaften aus dem Süden inspiréiere gelooss huet.

Dës éischt Versich weise schonn eng vun den Haaptcharakteristike vun de spéideren Aarbechte vum Kënschtler op: d'Virléift fir waarm Faarwen a staark Kontraster.

Fir d'éischt ass de Mett Hoffmann an d'Handwierkerschoul um Lampertsbierg gaangen. Seng Professere waren den Eugène Kurth, Pierre Blanc an de Josy Meyers.

De Wonsch Moler ze ginn, gouf vu sengen Elteren ënnerstëtzt. Sou hu si en Haus an der Hollerecher Strooss verkaaft, fir hirem Jong säi Konschtstudium ze finanzéieren.

No der Handwierkerschoul studéiert de Mett Hoffmann 1934 op der École supérieure des arts décoratifs zu Stroossbuerg, an duerno op der Akademie der bildenden Künste zu Wien.

1935 kënnt hien op Lëtzebuerg zeréck. Vun 1935 bis 1940 lieft hie bei sengen Elteren a versicht mat der Kreatioun vun Affiche Suen ze verdéngen. 1937 schafft hie fir d'Exposition de l'eau zu Léck.

1940 lount hien eng Wunneng um Lampertsbierg. Seng Sue verdéngt hien als Usträicher, woubäi hie virun allem a Kierche schafft. Bei enger Rees op Düsseldorf léiert hien de Professer a Moler Hans Schmitz kennen a geet an dem seng Coursen op Wiedenbrücker Schule. Do léiert hien intensiv d'Zeechne vu Portraiten a Landschaften.

Wärend der Nazi-Okkupatioun stellt hie weider aus a verkeeft seng Biller, virun allem Portraiten an Nature morten. Och verbréngt hie vill Zäit am Éislek, besonnesch zu Wolz, Esch-Sauer a Veianen, wou en zwee Joer laang ouni Ënnerbriechung lieft.

De Mett Hoffmann war vun den Éisleker Landschafte faszinéiert. Hien huet sech en Haus zu Bungeref kaaft, an deem hien e groussen Atelier amenagéiert huet.

Vun 1945 u reest hie vill an d'Ausland, virun allem op Paräis, wou hien déi deemools modern Konscht kenne léiert, besonnesch d'Aarbechte vum Picasso an déi vun der École de Paris.

Wärend senge Reesen op Venedeg, Florenz a Roum passionéiert hie sech fir Italien an d'Konscht vun der Renaissance.

Knapps 20 Joer nodeems hien an d'Éislek geplënnert war, gëtt hien duerch eng Krankheet gezwongen, an d'Stad zeréckzegoen, wou e sech erëm zu Hollerech etabléiert.

Kënschtleresch Entwécklung änneren

Wéi vill Moler huet de Mett Hoffmann fir d'éischt figurativ gemoolt, virun allem Landschaften a Portraiten.

D'Éisleker Landschafte ware seng gréisst Inspiratiounsquell. Dat Gréngt vun de Wisen, dat Brongt vun de geploute Stécker, an dat Grot vun de Leeë kënnt dacks a sengen Tableaue fir. An dës éischter däischter Téin huet hien dann als Kontrast eng Touche Rout oder Giel erabruecht.

Vun 1945 u mécht sech a senge Biller den Afloss vun der moderner Molerei ëmmer méi bemierkbar, besonnesch dee vum Picasso.

Deen eenzege Lëtzebuerger Moler deen de Mett Hoffmann beaflosst huet, war de Joseph Kutter, wat däitlech an enger Rëtsch vu senge Biller z'erkennen ass, a wat och vum Mett Hoffmann selwer confirméiert gouf.

Vun der Mëtt vun den 1950er Joren u léisst de Mett Hoffmann sech ganz vun der figurativer Konscht lass a moolt nëmme méi abstrakt Motiver. Seng Uelegbiller loossen den Afloss vun der École de Paris erkennen. Seng Aarbechte leien an der selwechter Linn wéi déi vum Grupp vun den Iconomaques, eng Grupp zu där hien awer ni gehéiert huet.
1955 kritt hien op der III. Biennale vu Sao Paulo eng Mention d'Honneur.

Tëscht 1980 a 1985 wiesselt de Mett Hoffmann vun der Ueleg- zu der Gouachemolerei. Vun 1985 u moolt hie mat Akrylfaarwen.

Wärend senger ganzer Karriär huet de Mett Hoffmann Kierchefënstere realiséiert, sou z. B. an de Kierche vun Ueschdref, um Briddel an um Houwald. Hien huet awer och am Mosaik geschafft a sou de Baseng vum Léiwebuer an der Stad realiséiert[1].

De Mett Hoffmann am Nationalmusée fir Geschicht a Konscht änneren

Den Nationalmusée fir Geschicht a Konscht huet 10 Biller vum Mett Hoffmann a senge Kollektiounen, an dat vun der net figurativer bis zu der Gouacheperiod.

Quellen änneren

Linda Eischen, 2009. Mett Hoffmann. ons stad 90: 69-71.

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Isabelle Yegles, Les fontaines en ville haute et la représentation de l'animal an Ons Stad, 97/2011, S. 54, gekuckt den 12. Januar 2020