Alphonse Thyes

lëtzebuergesche Moler

Den Alphonse George Thyes, gebuer de 5. August 1830 zu Mëlleref, a gestuerwen de 15. November 1914 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen techneschen Zeechner a Landschaftsmoler[1].

Alphonse Thyes
Gebuertsnumm Alphonse George Thyes
Gebuer 5. August 1830
Mëlleref
Gestuerwen 15. November 1914
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Zeechner, Moler
Member vun Cercle artistique de Luxembourg
Famill
Kanner André Thyes, Marguerite Thyes

Liewen an Aarbecht änneren

Den Alphonse Thyes war e Jong vum Dominique Thyes an der Marguerite Schreiner[2]. Hie gouf am Atelier vum Moler Jean-Baptiste Fresez ausgebilt.[3]. Aus sengem Bestietnes mat der Louise Ewert koume sechs Kanner, dorënner d'Marguerite Thyes (1862-1920) an den André Thyes (1867-1952).

Den Thyes war techneschen Zeechner an der Société royale grand-ducale des chemins de fer Guillaume-Luxembourg. Hie war och als Landschaftsmoler aktiv. 1893 war den Thyes ee vun de Grënnungsmembere vum Cercle artistique de Luxembourg, zesumme mat sengem Jong André an ënner anerem dem Pierre Blanc, dem Franz Heldenstein, dem Eugène Kurth, dem Batty Weber an dem Jean-Baptiste Wercollier. Den Thyes an den Heldenstein waren d'Nestore vun der Associatioun. 1894 huet den Alphonse mam André a Marguerite beim éischte Salon du CAL matgemaach. Duerno war hie bis 1902 all Joer bei de Salonen derbäi.

Den Alphonse Thyes ass am Alter vu 84 Joer gestuerwen. D'Grafried gouf vum Ferdinand d'Huart, President vum CAL gehalen.[4]

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. Jos Welter, réd. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0.
  2. Aug. Bruck, "Renseignements généalogiques sur les familles Heuschling et Thyes", Fondations de bourses d'études instituées en faveur des Luxembourgeois. Lëtzebuerg: V. Bück, 1874, s. 18.
  3. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. s. 339.
  4. "Begräbnisfeier", Luxemburger Wort, 21. November 1914.