D'Bertha Felicitas Sophie Freifrau von Suttner (Baronne Bertha von Suttner), gebuer als Gräfin Kinsky von Wchinitz und Tettau den 9. Juni 1843 zu Prag a gestuerwen den 21. Juni 1914 zu Wien, war eng éisträichesch Schrëftstellerin, Pazifistin, an déi éischt Fra, déi de Friddensnobelpräis kritt huet (an déi zweet, déi iergendeen Nobelpräis krut).

Bertha von Suttner
Gebuertsnumm Berta Gräfin Kinsky von Wchinitz und Tettau
Pseudonym B. Oulot, Jemand
Gebuer 9. Juni 1843
Prag
Gestuerwen 21. Juni 1914
Wien
Doudesursaach Mokriibs
Nationalitéit Keesertum Éisträich
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier, Iwwersetzer, Journalist, Pazifist, Science-Fiction-Schrëftsteller, Editeur

Si war d'Duechter vun engem veraarmten Adelegen, dem Feldmarschall-Läitnant, Franz de Paula Josef Graf Kinsky von Wchinitz und Tettau a senger Fra Sophie von Körner, déi vun 1873 un als Gouvernante an der Famill Suttner geschafft huet. Si huet de Schrëftsteller Arthur Gundaccar Freiherr von Suttner bestuet (deen 1902 gestuerwen ass), virdru war si dem Alfred Nobel seng Sekretärin an Haushälterin.

1889 huet d'Bertha von Suttner de Roman Die Waffen nieder! publizéiert an zwee Joer drop déi éisträichesch Friddensbeweegung gegrënnt. Vun 1892 bis 1899 war si d'Editrice vun der internationaler pazifistescher Zäitschrëft, déi och den Titel Die Waffen nieder! hat. 1911 gouf si Member vum Berodungsconseil vun der Carnegie Peace Foundation. Si huet och als Journalistin geschafft.

Um Spaweck änneren

Commons: Bertha von Suttner – Biller, Videoen oder Audiodateien