Adriaan Blaauw
Den Adriaan Blaauw, gebuer den 12. Abrëll 1914 zu Amsterdam a gestuerwen den 1. Dezember 2010 zu Groningen war en hollänneschen Astronom.
Adriaan Blaauw | |
---|---|
![]() | |
Gebuer |
12. Abrëll 1914 Amsterdam |
Gestuerwen |
1. Dezember 2010 Groningen |
Nationalitéit | Holland |
Educatioun |
Universitéit vu Leiden, Universitéit Groningen |
Aktivitéit | Astronom, Universitéitsprofesser |
Member vun | American Academy of Arts and Sciences, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, International Astronomesch Unioun |
De Blaauw huet op den Universitéite vu Leiden a Groningen studéiert. Geschafft huet hien ënner anerem am Yerkes-Observatoire, am Leidener Observatoire an op der Universitéit Groningen. Schwéierpunkte vu senger Fuerschung waren d'Stärekéip an déi wéineg dicht Stärenassociatiounen, aus Duebellstäresystemer bei der Explosioun vun engem Partner fräigesate Ausräisserstären, d'Struktur vun der Mëllechstrooss souwéi d'Stäregenesis an d'kosmesch Distanzskala.
De Blaauw war en erfollegräiche Wëssenschaftsmanager. Ënner anerem war hie Matgrënner vun der Fachzäitschrëft Astronomy and Astrophysics, vun 1970 bis 1974 zweete Generaldirekter vum Europäesche Südobservatoire a vun 1976 bis 1979 President vun der internationaler astronomescher Unioun.
ÉierungenÄnneren
- 1989: Bruce Medail
- Den Asteroid (2145) Blaauw ass no him genannt.
Um SpaweckÄnneren
- (en) Bruce Medal
- (en) Oral History interview transcript with Adriaan Blaauw, American Institute of Physics, Niels Bohr Library and Archives