Den George William Hill, gebuer den 3. Mäerz 1838 zu New York a gestuerwen de 16. Abrëll 1914 zu West Nyack bei New York war en US-amerikaneschen Astronom a Mathematiker, deem seng Methode fir d'Bunnberechnunge bis haut gebraucht ginn. Hie war mat sengen Aarbechten iwwer Bunnstéierunge fir den Dräikierperproblem dee bedeitendsten theoreeteschen Astronom vu senger Zäit.

George William Hill
Gebuer 3. Mäerz 1838
New York
Gestuerwen 16. Abrëll 1914
Nyack
Nationalitéit USA
Educatioun Rutgers University
Aktivitéit Astronom, Mathematiker
Member vun Royal Society, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, Académie royale des sciences, des lettres et des beaux-arts de Belgique, Norwegesch Akademie vun de Wëssenschaften, Koninklijke Nederlandse Akademie van Wetenschappen, Accademia Nazionale dei Lincei, Royal Society of Edinburgh, American Academy of Arts and Sciences, Académie des sciences, National Academy of Sciences

Den Hill huet 1859 säi Studium op der Rutgers Universéit ofgeschloss. vun 1861 u schafft hien am Nautical Almanac-Office zu Massachusetts. Do beschäftegt hie sech intensiv mat der Moundbunn-Theorie an entwéckelt mathematesch Methode fir d'Léisung vum Dräikierperproblem - besonnesch seng Differentialequatioun. Fir d'Planéitebunnen ëm d'Sonn a fir d'astronomesch Joerbicher méi genee virausrechnen ze kënnen, huet hien och zu Léisunge vum Méikierperproblem bäigedroen.

An de Joren 18941896 war hie President vun der American Mathematical Society. Tëscht 1887 an 1910 krut hien en ettlech wëssenschaftlech Präisser an England an a Frankräich (1887 Goldmedail vun der Royal Astronomical Society) a gouf ëm 1910 a verschidde kinneklech Akademien opgeholl – ënner anerem an déi vun Edinburgh, déi Belsch, d'Italien an déi vu Schweden.

No him ass och d'Hill-Sphär, d'Differentialequatioun vum Hill, den Asteroid (1642) Hill souwie de Moundkrater Hill genannt.

Kuckt och änneren

  Portal Astronomie

Um Spaweck änneren