Lé Tanson

lëtzebuergesche Moler

De Léon Jean-Pierre ("") Tanson, gebuer den 9. Abrëll 1914 zu Beetebuerg[1] a gestuerwen den 3. Abrëll 1999 zu Munneref, war e lëtzebuergesche Moler, Lokalhistoriker a Fotograf. Hie war mat der Fernande Weisen bestuet a war Employé bei der Spuerkeess[2].

Lé Tanson
Gebuer 9. Abrëll 1914
Beetebuerg
Gestuerwen 3. Abrëll 1999
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Zeechner, Vitrailliste, Sculpteur
Member vun ARC Kënschtlerkrees

No sengem Secondaire an der Industrieschoul um Lampertsbierg, huet hien eng Karriär als Moler ageschloen. Hie war e Joer an der Handwierkerschoul um Lampertsbierg, an huet duerno zu Paräis op der École supérieure des beaux-arts an op der Académie de la grande chaumière studéiert.[3]

Hien huet Biller, Zeechnungen, Timberen, Keramik, Skulpturen, Mosaicker, Plakater a gosse Plakke geschaf. Vun him si Monumenter zu Hollerech, Ohn, Munneref, Éiter, Elleng, Beetebuerg an Uewerkuer. Och d'Monument fir d'Volontaires luxembourgeois am Koreakrich zu Seoul a Südkorea ass vun him. Hien huet Bicher illustréiert[4] a lokalhistoresch Fuerschunge publizéiert.

De Lé Tanson war Member vum Cercle artistique de Luxembourg, wou hien och Member am Conseil gouf, an zwar vun 1966 bis 1971, déi dräi lescht Joer dovun als Vizepresident.

De Lé Tanson gëllt och als spirituelle Papp vum ARC (sengerzäit "Art Contemporain"), wou hie vun 1959 un ee vun den Haaptorganisateure war, an du bei der Grënnung als A.s.b.l. éischte President war (1993-1997).

Seng ganz Dokumentatioun ass no sengem Doud verluer gaangen. Hien hat senger Haushälterin alles vermaacht, déi du wäertvoll Dokumenter eenzel verkaaft huet an de Rescht ewechgehäit huet[5].

Auszeechnungen änneren

Am Zweete Weltkrich gouf de Lé Tanson op Munneref versat[6]. Do huet hien als lokale Chef bei der LVL an der Unio'n matgewierkt. Hien huet ofgeschossenen amerikanesche Piloten, franséischen a russesche Krichsgefaangen a lëtzebuergeschen a loutrengesche Krichsdéngschtverweigerer gehollef.

Direkt no der Befreiung huet de Lé Tanson sech als Fräiwëllegen an d'amerikanesch Arméi gemellt a stoung tëscht September 1944 an August 1945 fir d'éischt als "Trooper" beim 3. Kavallerieregiment a spéider als Regimentsdolmetscher beim "CIC Detachment 212".

Doduerch huet de Lé Tanson eng Rei Auszeechnunge[7] kritt:

Wierker (Auswiel) änneren

Publikatiounen änneren

  • Tanson, Lé, o.J. Damals …im kleinen Kurort Bad Michelskirch. 1939-1945. Remich, Offset J. Schomer-Turpel, 318 p. (zirka 1970 ?).
  • Tanson, Lé, 1981. Chronik der 'Stadt' und Gemeinde Bad Mondorf. 1281-1981.
  • Etringer, Norbert & Lé Tanson, 1981. Chronik der Gemeinde Bürmeringen. 290 p., Imprimerie Saint-Paul, Luxembourg.
  • Tanson, Lé, 1990. Das grosse Mondorfer Flugfest von 1910. flydoscope: Magazine de Luxair 3: 28-34, ill. Luxembourg.
  • Tanson, Lé, 1997. Die wechselvolle Geschichte des "Palace Hotel". pp. 217–220 in: Gerges, Martin (éd.), 1997. Mondorf, son passé, son présent, son avenir. Mondorf le Domaine thermal et les éditions Les publications mosellanes. 614 p. Imprimerie Victor Buck. ISBN 2-919975-06-4.

Um Spaweck änneren

Commons: Lé Tanson – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen änneren

  1. Gebuertsakt Nr. 27 vun der Gemeng Beetebuerg vum 10. Abrëll 1914
  2. De Lé Tanson war eng Zäit laang Gérant vun der Spuerkeess zu Munneref, duerno huet en an der Zentral an der Stad Lëtzebuerg geschafft.
  3. Broschür mam Titel "25e EXPHIMO. MONDORF-LES-BAINS", 1983,S. 104
  4. Follgende Roman ass vum Lé Tanson illustréiert ginn: Burg, René, 1970. Als überall die Feuer brannten.... 220 p.: ill. Kremer-Müller & Co, Esch-Alzette.
  5. Kee gutt Beispill deemno fir lëtzebuergesch Lokalhistoriker, déi besser hätten, virun hirem Doud alles der Lëtzebuerger Nationalbibliothéik an der Stad oder dem Literaturarchiv zu Miersch ze vermaachen.
  6. Lé Tanson +. Luxemburger Wort vum 7. Abrëll 1999, Säit 19.
  7. D'Opzielung staamt aus senger Doudesannonce, déi den 9. Abrëll 1999 am Luxemburger Wort publizéiert gouf.