D'Josephine, genannt Josée Gloden, gebuer de 5. August 1914 zu Conter, a gestuerwen de 17. Januar 1998 an der Stad Lëtzebuerg, war eng lëtzebuergesch Molerin.[1] Si war d'Duechter vum Bauer Nicolas Gloden an der Catherine Fohl.[2]

Josée Gloden
Gebuertsnumm Josephine Gloden
Gebuer 5. August 1914
Conter
Gestuerwen 17. Januar 1998
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler

D'Josée Gloden huet beim Carin Meyers-Urban geléiert a si huet haaptsächlech Blummen a Landschaften an der Aquarell-Technik gemoolt. Si war Member vum Kënschtlerverband Cercle artistique de Luxembourg (CAL) an huet vun 1952 bis 1960 am CAL sengen alljärleche Salonen ausgestallt. Si hat Eenzelausstellungen am Auditorium zu Arel (1955),[3] am Ettelbrécker Stadhaus (1956),[4] an der Galerie Bradtké (1963, 1968, 1970) an an der Galerie Wierschem (1975, 1980).[5] 1966 huet si Lëtzebuerg um Salon européen des femmes-peintres zu Nanzeg vertrueden, zesumme mat der Triny Beckius, Georgette Beljon, Monique Brackel, Solange Frégnac, Thérèse Frégnac, Nina Grach-Jascinsky, Marie-Ange Heiden, Christiane Heinen, Huguette Heldenstein, Erny Heuertz, Loulou Heuertz, Valérie Kuborn, Ger Maas, Hélène Meer, Marie-Jeanne Molitor, Irène Nadler, Vanna Solofrizzo, Germaine Spiesse an der Lily Unden.[6]

D'Josée Gloden ass 1998 am Alter vu 97 Joer gestuerwen.

Auszeechnunge änneren

  • 1955 Éierendiplom um Salon international, Paräis
  • 1962 Goldmedail vun der Stad Paräis

Kuckt och änneren

Referenzen an Notten änneren

  1. "Joséphine Gloden", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  2. Gebuertsschäin n° 10, 1901.
  3. Paul Mergen, "Une talentueuse aquarelliste grand-ducale a exposé à Arlon", Luxemburger Wort, 19. Oktober 1955.
  4. Jos. Walentiny, "Zur Ausstellung Josée Gloden in Ettelbrück", Luxemburger Wort, 17. Augustus 1956.
  5. LH., "Oeuvres récentes de Josée Gloden", Luxemburger Wort, 4. Dezember 1980.
  6. "Salon européen des femmes-peintres", Luxemburger Wort, 25. Mäerz 1966.