De Pol Plançon, eigentlech Paul-Henri Plançon, gebuer den 12. Juni 1851 zu Fumay am franséischen Departement Ardennes, a gestuerwen den 11. August 1914, war e franséische Basssänger.

Pol Plançon
Gebuertsnumm Paul-Henri Plançon
Gebuer 12. Juni 1851
Fumay
Gestuerwen 11. August 1914
Paräis
Nationalitéit Frankräich
Aktivitéit Operesänger

Seng Stëmm huet de Plançon zu Paräis ausbilde gelooss vum Louis Gilbert Duprez an dem Giovanni Spriglia. Säin éischte Bünenoptrëtt hat hien 1877 an der Lyoner Oper als Saint-Bris am Meyerbeer senger Oper Les Huguenots.

De Plançon war de beschte Mephisto am Gounod senger Oper Faust vu senger Generatioun.

CDen änneren

  • Plançon Pol - The Complete Victor Recordings (1903-1908), 2 CDen op Romophone
  • Plançon Pol - The Opera Collection, Tounopnamen vun 1902-1908, 1 CD op Symposium