Rietspartei

politesch Partei zu Lëtzebuerg
Dëse Politiksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Rietspartei oder Rechtspartei (offiziell: Parti de la Droite) war tëscht 1914 an 1944 eng Lëtzebuerger politesch Partei. Si war déi direkt Virgängerpartei vun der haiteger CSV.

Déi konservativ Rietspartei gouf de 16. Januar 1914 gegrënnt. Bei der Grënnungsversammlung dobäi waren ë. a. den Émile Reuter, den Émile Prüm, de Mgr. Schiltz, den Albert Philippe, de Pierre Dupong, de Joseph Bech an de Mgr. Jean Origer. Haaptmotiv war, déi verspreete konservativ a klerikal Kräften ze bëndelen, fir kënne méi staark géint e puer Joer virdru gegrënnte Parteien opzetrieden, virun allem d'Sozialistesch Partei (1902 gegrënnt) an d'Liberal Liga (1904).

D'Rietspartei konnt sech geschwënn eng Plaz etabléieren, a gouf ë. a. duerch d'Aféiere vum Allgemenge Walrecht 1918 gestäerkt. An der Tëschekrichszäit waren, ausser fir eng kuerz Period an der Mëtt vun den 1920er Joren, Membere vun der Rietspartei Premierminister.

Éischte Premierminister vun der Rietspartei war de Léon Kauffman (1917-1918). Duerno waren dat den Émile Reuter (1918-1925), de Joseph Bech (1926-1937) an de Pierre Dupong (1937-1944).

Presidente vun der Rietspartei[1] änneren

Sëtz an der Chamber änneren

Sëtz an der Chamber
Rietspartei
1918-1937
Joer Sëtz vun am
Ganzen
Prozentsaz
vun de Stëmmen
1918 23 53 43.40 %
1919 27 48 56.25 %
1922 25 48 52.08 %
1925 22 47 46.81 %
1928 23 52 44.23 %
1931 26 54 48.15 %
1934 25 54 46.30 %
1937 25 55 45.45 %

Literatur änneren

  • Schaus, Émile, 1974. Ursprung und Leistung einer Partei: Rechtspartei und Christlich-Soziale Volkspartei 1914-1974. Luxemburg: Sankt-Paulus-Druckerei. 344 p.
  • Luxemburger Wort vum 16. Januar 2014, S. 2-4: Von der Widerstands- zur Volkspartei (Heute vor 100 Jahren wurde die Vorläuferpartei der CSV gegründet)

Referenzen änneren

  1. Lëscht vun de Presidente vun der Rietspartei an der CSV am Lëtzebuerger Land vum 24. Januar 2003 Gearchiveerd op 2020-10-09. Gekuckt de(n) 2014-12-14.