D'Helen Gavronsky-Suzman, gebuer de 7. November 1917 zu Germiston, a gestuerwen den 1. Januar 2009 zu Johannesburg, war eng südafrikanesch Politikerin, déi sech joerzéngtelaang géint d'Apartheid agesat huet.

Helen Suzman
Gebuer 7. November 1917
Gestuerwen 1. Januar 2009
Johannesbuerg
Nationalitéit Südafrika
Educatioun Universitéit vu Witwatersrand
Aktivitéit Politiker, Aktivist

D'Helen Gavronsky war e Kand vu litauesch-jiddeschen Immigranten. Se huet op der Universiteit van de Witwatersrand zu Johannesburg Ekonomie a Statistik studéiert. Mat 19 Joer huet se sech mam Dr. Moses Suzman bestuet, mat deem se 2 Kanner krut. 1944 gouf si Lektorin op der Universitéit. 1949 gouf se Member vun der Verenigde Party, fir déi se 1953 an d'Parlement gewielt gouf. 1959 gouf se Member vun der Progressiewe Party (déi 1977 an der Progressiewe Reformiste Party opgaangen ass).

D'Mme Suzman war vun 1953 bis 1989 Deputéiert, wou se géint déi rassistesch Gesetzer gestëmmt huet, déi vun der Nasionale Party virgeluecht a gestëmmt goufen. 1967 huet se fir d'éischt den Nelson Mandela a sengem Prisong op Robben Island besicht. Si goufe befrënt a stounge weider a Kontakt; 1996 stoung si nieft dem Mandela, wéi deen, elo als President vu Südafrika, déi nei Verfassung ënnerschriwwen huet.

D'Helen Suzman war zweemol nominéiert fir de Friddensnobelpräis a krut 27 Éierendokter-Titelen.