Jean-Michel Treinen

lëtzebuergeschen Auteur, Iwwersetzer a Komponist

De Jean-Michel Treinen, gebuer den 3. August 1954 zu Rëmeleng, a gestuerwen den 1. Januar 2016[1],[2] zu Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Auteur, Iwwersetzer a Komponist.

Jean-Michel Treinen
De Jean-Michel Treinen (2005)
Gebuer 3. August 1954
Rëmeleng
Gestuerwen 1. Januar 2016
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Komponist, Iwwersetzer, Schrëftsteller
Member vun Lëtzebuerger Schrëftstellerverband

Säi Liewen

änneren

No senger Lycéeszäit zu Esch-Uelzecht huet de Jean-Michel Treinen Germanistik a Geschicht zu Wien a Bonn studéiert.

Vun 1977 bis 2015 war hie Staatsbeamten am Landwirtschaftsministère, Expert fir Kärenhandel a Kulturen.

Zënter 1996 bis zu sengem Doud am Joer 2016 war hien Associé am Den Neie Feierkrop.[3] Am Kader vu sengem Koran-Projet huet hien zum Islam konvertéiert an eng Reess op Mekka gemaach.[3] Bis Dezember 2014 war de Jean-Michel (Yahya) Treinen och Member vun der Shoura[4],[5].

De Jean-Michel Treinen war bestuet a Papp vun zwee Kanner.

Säi Wierk

änneren
  • De Jhoss an de Fred op der Mauer, Theaterstéck, 1985, ausgezeechent am Nationale Literaturconcours, Première am Januar 1987 zu Esch-Uelzecht, Kulturfabrik, Programm « Nacht 3 »
  • Kulturflapp, Sketch, 1991; Christiane-Schlechter-Präis vun der Lëtzebuerger Kabaretsentente (LKE)
  • Wou d'Wäiss Mais Schlittschung fueren, Gedichter, Esch-Sauer 1989, 2. Oplo 1992, Op der Lay 103,
  • Angscht virum Groussen Tunn, Geschichten, Esch/Sauer 1991, Op der Lay 109.
  • Dem Alto seng grouss Rees, Libretto fir e Musekstéck fir Kanner,. Komponist: Marco Pütz, 1995

Literaresch lwwersetzungen:

  • Eist Land, Gedichter vum René Welter, 1988, Éditions Guy Binsfeld
  • Texter vom Carlo Hemmer, 1989, Éditions Guy Binsfeld
  • Mäcbess / Macbeth, vum William Shakespeare, Esch/Sauer, Iwwersetzung 1996, Op der Lay 117.
  • NippleJesus, Iwwersetzung op Lëtzebuergesch vum Nick Hornby sengem Wierk (2010 vu Maskénasa inszenéiert)
  • Besuch, Iwwersetzung vum Friedrich Dürrenmatt sengem Besuch der alten Dame (2013 vu Schankemännchen inszenéiert)

Kuerzgeschichten an Anthologien:

  • Schriftbilder, Éditions Guy Binsfeld, Luxemburg 1984
  • Lëtzebuerger Almanach 1986, 1987, 1988, 1989, Éditions Guy Binsfeld
  • Walfer Anthologie 2004, 2005,. Éditions Guy Binsfeld
  • Lustich, Luxemburg 1987, LSV Autorenverlag
  • Cahiers luxembourgeois, Luxemburg 1991
  • Aschlofen ënnert engem roude Stärenhimmel as méi geféierlech - Hommage un de Roger Manderscheid, Esch/Sauer 1994, Op der Lay 802
  • Regards d'écrivains, Éditions le Phare, 1995
  • Gedichter, Sketcher, Satire fir d'Scène libre an d'Lëtzebuerger Kabaretsentente 1985-1995

De Jean-Michel Treinen huet och un den Dialogen an un den Dréibicher vum Andy Bausch senge Filmer Troublemaker (1988) a A Wopbopaloobop A Lopbamboom (1989) matgeschafft.

Hien huet reegelméisseg satiresch Artikele fir d'Lëtzebuerger Land a Kontributiounen (meeschtens Gedichter) fir Den Neie Feierkrop geschriwwen, an huet op RTL Radio Lëtzebuerg bei satiresche Emissiounen d'Déckkäpp a 5 vir 12 matgmaach.

Kompositiounen

änneren
  • LP Tears of Sound, "Quasiraga" Solist: Charlie Mariano
  • Freedefeiersmusék 1998
  • Freedefeiersmusék 2001 fir d'"Entrée Joyeuse" vum Groussherzog an der Groussherzogin

De Koran-Projet

änneren

De Wee bei d'Buch, Versuch vun enger Iwwersetzung vum Noble Koran, Depot an 3 Exemplairen Maison Servais Abrëll 2005

Dës nach net offiziell unerkannt Iwwersetzung war vun Oktober bis Dezember 2005 am Centre national de littérature ausgestallt, a gëtt nach e puer Joer vu Lëtzebuerger Moslem- a Koran-Spezialisten iwwerpréift. Historesch gesinn ass dësen Depot de Bewäis, datt deen éischte kompletten "Hellegen Text", deen an d'Lëtzebuergescht iwwersat gouf, dee vum Islam ass.
  • De Wee bei d'Schrëft. Versuch vun enger Iwwersetzung vum Nobele Koran an d'Lëtzebuergescht, Kommentar op Lëtzebuergesch. Arabesch an der Transliteratioun vu Muslim Access. C/O Éditions Al-Buruj, 7, bei de Fëschweieren, L-7447 Lintgen[6].

Aus der editorescher Notiz: "Dës Iwwersetzung gouf vun Juni 1999 bis Januar 2008 vum Jean-Michel (Yahya) Treinen gemaach, kontrolléiert an nogelies. Wéi all Iwwersetzung vum Hellege Koran ass se nëmmen e Versuch a revendiquéiert keng spirituell Autoritéit. Si gouf nogelies a lektoréiert vum Laurent Mignon a vum André (Muhammad Yussuf) Huberty a fir gutt befonnt. De Lektorat gëtt nach weidergefouert...."

D'Koraniwwersetzung huet hie selwer als säin Haaptwierk bezeechent. D'Iwwersetzung mat allen Ënnerlagen huet hien dem Lëtzebuerger Literaturarchiv vermaach.

Literatur

änneren
  • Marson Pierre, 2019, Zoom auf das Literaturarchiv "De Wee bei d'Schrëft" Jean-Michel Treinens Koranübersetzung ins Luxemburgische., Die Warte 1|2601, 10.1.2019, S. 2-3.
  • Schock, P., 2016. Abschied eines Multitalents. Der Musiker und Autor Jean-Michel Treinen stirbt im Alter von 61 Jahren. Luxemburger Wort vum 4. Januar 2016, S. 14.
  • Jérôme Lulling, 1996. Lëtzebuergesch heute: Bestandsaufnahme und Veranschaulichung. Magisteraarbecht (an der Nationalbibliothéik vu Lëtzebuerg deposéiert).

Referenzen an Notten

änneren
  1. Luxemburger Wort vum 4. Januar 2016: Doudesannonce vum Jean-Michel Treinen, S. 33
  2. "Schrëftsteller a Museker Jean-Michel Treinen gestuerwen." rtl.lu, 03.01.2016, 12:43:03.
  3. 3,0 3,1 Jacques Drescher, 2016. Jean-Michel Treinen (1954-2016). Den Neie Feierkrop N° 1054 vum 8. Januar 2016, S. 1. An deem Artikel stinn d'Pseudonymmer ënner deenen de Jean-Michel Treinen am Feierkrop geschriwwen huet: Bleudelphine Leaudibleau, Pater Corleone/MutterCorleona, Paëlla di Miracoli, Monni Lex/Braddelkett, Jean-Claudette Bernadette Fromm, Grünhilda von Arschkriech, Anne G. Schissen, Grunzobald von Eber-Wildsau, Tusnelda von Müll a Pitti Pest.
  4. De Yahya Treinen op shoura.lu Archivéiert de(n) 2016-04-16. Gekuckt de(n) 2016-01-09.
  5. Notre frère Yahya op shoura.lu
  6. 1er juz du Coran en luxembourgeois op shoura.lu