Robert Theis (Philosoph)

lëtzebuergesche Philosoph
Dësen Artikel beschäftegt sech mat dem Philosoph Robert Theis. Fir den Architekt, kuckt wgl. Robert Theis (Architekt).

De Robert Theis, gebuer den 1. Januar 1947 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Philosoph.

Robert Theis
Gebuer 1. Januar 1947
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Educatioun Institut catholique de Paris,
Gregorianesch Peepstlech Universitéit,
Universitéit Panthéon-Sorbonne
Aktivitéit Philosoph, Universitéitsprofesser
Member vun Section des sciences morales et politiques vum Institut grand-ducal

Hien huet vun 1967 bis 1970 Philosophie op der Pontificia Universitas Gregoriana zu Roum (lic.phil.) studéiert, an dono bis 1974 kathoulesch Theologie um Institut catholique de Paris, déi e mat enger Maîtrise iwwer dem Karl Barth seng Trinitéitstheologie) ofgeschloss huet. Vun 1972 bis 1975 huet hien och Philosophie op der Université de Paris I (Sorbonne-Panthéon) studéiert, wou e mat enger Aarbecht iwwer den Hegel zum Dr. phil. promovéiert gouf.

Vun 1974 bis 1995 huet hien als Philosophieprofesser a verschiddene Lëtzebuerger Lycéeë geschafft, dorënner am Lycée Hubert-Clément zu Esch-Uelzecht. Vun 1982 u war hien och Dozent um Institut für Katholische Theologie vun der Universitéit vum Saarland. 1992 gouf en do mat enger Thees iwwer d'Entwécklung vum Kant sengem theologeschen Denken habilitéiert an zum Privatdozent ernannt. Zënter 1995 huet hie Philosophie um Centre universitaire de Luxembourg enseignéiert, a vun 2003 op der nei gegrënnter Uni Lëtzebuerg. 2010 gouf en emeritéiert.

Dem Robert Theis seng Fuerschungen hunn als Schwéierpunkt engersäits de Kant an d'Philosophie vun der Däitscher Opklärung, an anerersäits dem Anselm vu Canterbury seng Léier. Vum systematesche Standpunkt hier dréine seng Fuerschungen ëm d'Froe vun der Ontologie an der Metaphysik souwéi och vun der Reliounsphilosophie.

Hien ass Vizepresident vun der Société d'Études kantiennes de Langue française; Editeur vun der Serie "Europaea Memoria" a "Wolff Werke" am Georg Olms Verlag. Member ass hien ë. a. och vum Institut grand-ducal, Section des sciences morales et politiques, der International Academy of Philosophy (Eriwan); an der Academia Scientiarum et Artium (Salzburg)...

Wierker (Auswiel) änneren

  • Le discours dédoublé. Philosophie et théologie dans la pensée du jeune Hegel, Paris 1978;
  • Approches de la Critique de la raison pure, Hildesheim 1991;
  • Gott. Untersuchungen zur Entwicklung des theologischen Diskurses in Kants Schriften zur theoretischen Philosophie bis hin zum Erscheinen der Kritik der reinen Vernunft, Stuttgart/Bad Cannstatt 1994;
  • Hans Jonas. Habiter le monde, Paris 2008;
  • Religion im Denken der deutschen Aufklärung; in: Institut grand-ducal - Actes de la Section des Sciences morales et politiques; vol. XII (2009).
  • La raison et son Dieu. Etude sur la théologie kantienne, Paris 2012;
  • De Wolff à Kant/Von Wolff zu Kant, Hildesheim 2013
  • (Hg.) De Christian Wolff à Louis Lavelle. Métaphysique et histoire de la philosophie (Festschrift f. Jean Ecole), Hildesheim 1995
  • (Hg.) Die deutsche Aufklärung im Spiegel der neueren französischen Aufklärungsforschung (= Aufklärung, Jahrgang 10), Hamburg 1998
  • (Hg.) E. Kant, L'unique argument possible pour une démonstration de l'existence de Dieu, Paris 2001
  • (Hg.) Anselm v. Canterbury, Proslogion/Anrede, Stuttgart, Reclam 2003
  • (Hg.) Les sources de la philosophie kantienne aux 17e et 18e siècles (Akten des 6. Kongresses der franz. Kantgesellschaft), Paris 2005
  • (Hg.) Religion (= Aufklärung, Jahrgang 21), 2009
  • (Hg.) Kant: Théologie et religion, (Akten des 10. Kongresses der franz. Kantgesellschaft), Paris 2013
  • Das "Proslogion" des Anselm von Canterbury und die Frage nach der Erkenntnbarkeit Gottes, in: Philosophisches Jahrbuch (PhJ), Bd. 102, 1994, S. 20-276.
  • Die Vernunft innerhalb der Grenzen des Glaubens. Aspekte der anselmischen Methodologie in werkgenetischer Perspektive, in: Theologie und Philosophie (ThPh), Bd. 72, 1997, S. 161-187.