Nico Graf

lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Den Nico Graf, gebuer den 1. Januar 1955 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Journalist a Schrëftsteller.

Nico Graf
Gebuer 1. Januar 1955
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller, Journalist

Formatioun a Karriär

änneren

No der Primärschoul um Sennengerbierg huet den Nico Graf seng Secondairesstudien an der Internatsschoul vun den Häerz-Jesu-Pateren zu Clairefontaine gemaach. Do huet hie schonn Gedichter an aner, méi sozialkritesch Texter publizéiert, an zwar an der Zäitschrëft, déi déi grouss Schüler ënner dem zimmlech éiergäizegen Numm Reflets - Blätter für Literatur, Kunst und Politik erausginn hunn. Aner Redakteren an Auteure waren de Jean-Claude Juncker, den Edouard Marc Kayser, de Marc Hess, de Pierre Hack an de Camille Hoffmann.

No sengem Premièresexamen, deen hien 1974 am Lycée Michel-Rodange an der Stad geschriwwen hat, ass den Nico Graf d'éischt an de Centre universitaire de Luxembourg an dunn op d'Universitéit vu Saarbrécken Germanistik a Romanistik studéiere gaangen. Duerno huet hien eng Zäitchen als Journalist an als Auteur fir de Saarlännesche Radio geschafft. No e puer Joer zu Rheinfelden, wou hie fir de Südwestfunk geschafft hat, ass den Nico Graf op Hamburg gezunn, wou hie vun 1992 bis 2001 Reportage fir den ARD a fir den NDR gemaach huet. Duerno huet hien nach zu Tréier fir den SWR, den SR an den Deutschlandfunk geschriwwen a produzéiert, ier hien 2004 Redakter an Investigatiounsjournalist bei RTL Radio Lëtzebuerg gouf.

Bibliographie

änneren

Literatur

änneren
  • Germaine Goetzinger & Claude D. Conter (+ Mataarbechter), Luxemburger Autorenlexikon; Nationale Literaturzentrum, Miersch, 2007; Ss. 214-215.
  • Bicherbuch - Livre des livres - Bücherbuch - Book of books, Éditions Ultimomondo, 2010, ISBN 978-2-919933-65-5, Ss. 37-40

Um Spaweck

änneren
Commons: Nico Graf – Biller, Videoen oder Audiodateien