534
Joer
◄ |
5. Joerhonnert |
6. Joerhonnert
| 7. Joerhonnert
| ►
◄◄ |
◄ |
530 |
531 |
532 |
533 |
534
| 535
| 536
| 537
| 538
| ►
| ►►
Dës Säit befaasst sech mam Joer 534.
Evenementer
änneren- : Mam Decimus Theodorius Paulinus gëtt de leschte 1. JanuarKonsul am Weste bestëmmt.
- 16. November: De Keeser Justinian I. gëtt eng iwwerschaffte Versioun vum Codex Iustinianus eraus.
- Duerch seng aussiichtslos militäresch Lag kapituléiert de Vandalekinnek Gelimer, den zulescht vun Numidien aus operéiert hat, virun den ostréimeschen Truppe vum Belisar. Domat ass d'Eruewerung vum Vandaleräich ofgeschloss. Och d'Balearen, Korsika a Sardinie falen un Ostroum. De Gelimer gëtt zu Konstantinopel an engem Triumphzuch virgefouert an duerno op de Landgutt a Klengasie verbannt.
- D'Räich vun de Burgunder, wat 532 no der Schluecht vun Autun vun de Franken eruewert gi war, gëtt ënner de Bridder Clotaire I., Childebert I. an Théodebert I. opgedeelt. D'burgundescht Volleksrecht bleift erhalen, mä Burgund huet an der Zukunft Arméi- an Zënsflicht géintiwwer de Franken.
- D'Regentin vum ostgotesche Räich Amalasuntha gëtt nom Doud vum jonken Athalarich vun hirem Cousin Theodahad gezwongen dësen als Kinnek anzesetzen.
- Duerch jiddesch Gesetzer beschränkt de Keeser Justinian I. d'Rechter vun der jiddescher Communautéit.
- De Cynric gëtt Kinnek vu Wessex nom Doud vum Cerdic.
- Toledo gëtt a Spuenien nei Haaptstad a reliéisen Zentrum vun de Westgoten.
- A China deelt sech d'Räich vun de Wei an d'Deelräicher vun den ëstlechen an de westleche Wei. Haaptstad vum ëstleche Wei gëtt Ye. D'Herrscherdynastie vun de westleche Wei residéiert zu Chang'an. Am Norde vu China léist domat d'ëstlech Wei déi nërdlech Wei of.
Konscht a Kultur
ännerenWëssenschaft an Technik
ännerenGebuer
ännerenGestuerwen
änneren- : 2. OktoberAthalarich, Kinnek vun den Ostgoten (* 516)
- Herminafried, Kinnek vun den Thüringer (* virun 485)
- Cerdic, Kinnek vu Wessex (* ëm 467)
- Marcellinus Comes, spéitanticke Geschichtsschreiwer (ongeféieren Datum)
- Thierry I.