Den Ivica Dačić (op serbesch Kyrillesch: Ивица Дачић), gebuer den 1. Januar 1966 zu Prizren am deemolege Jugoslawien, ass e serbesche Politiker. HIen ass zanter 2006 Parteiprsident vun der Sozialistescher Partei vu Serbien (Socijalistička Partija Srbije, SPS). Hie war vun 2008 bis 2012 Inneminister an ass zanter Enn Juli 2012 Ministerpresident vu Serbien.

Ivica Dačić
Gebuer 1. Januar 1966
Prizren
Nationalitéit Serbien
Aktivitéit Politiker
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot

Vun 1992 bis 2000 war hien de Porte-parole vun der Sozialistescher Partei, déi vum Slobodan Milošević gegrënnt gi war, a gouf "klenge Sloba" (Slobodan) genannt. Vun Oktober 2000 bis Januar 2001 war e serbeschen Informatiounsminister an der Iwwerganksregierung bis zu der éischter demokratescher Parlamentswal Enn Dezember. Nom Milošević sengem Doud gouf den Dačić am Dezember 2006 säin Nofollger als President vun der SPS. 2008 gouf hie Vizepremier an Inneminister.

No der Parlamentswalen 2012 huet den Dačić eng Koalitiounsregierung tëscht der SPS, der SNS (Serbesch Fortschrëttspartei vum Tomislav Nikolić an anere klenger Parteien op d'Bee gesat. De 27. Juli 2012 gouf den Dačić zum neie Ministerpresident vu Serbien gewielt.

Um Spaweck änneren

Commons: Ivica Dačić – Biller, Videoen oder Audiodateien