Georges Kieffer
lëtzebuergesche Schrëftsteller
De Georges Kieffer, gebuer den 1. Januar 1962 zu Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
Georges Kieffer | |
---|---|
Gebuer | 1. Januar 1962 |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Hien ass Engleschprofesser a lieft mat senger Famill zu Munneref. Hien ass de Brudder vum Journalist, Fotograf an Auteur Rob Kieffer.
Publikatiounen
änneren- Schierbelen. 1998, Éditions Phi. 1. Präis beim Concours littéraire national 1997, ex aequo mam Georges Hausemer.
- Eidel Äerm, Wann d'Liewe mam Doud ufänkt. 2000, Éditions Phi, zesumme mat Initiativ Liewensufank.
- D'Kaya. 2003, Éditions Phi.
- Biergop, Biergof. 2007, Op der Lay.
- D'Mëtt vum Land. E Log Buch. 2016, Selbstverlag
- Iwwerliewen. 2020, Op der Lay.