De Charles Thomas Munger, gebuer de 1. Januar 1924 zu Omaha a gestuerwen den 28. November 2023 zu Santa Barbara, war en amerikanesche Geschäftsmann, Investisseur a Philanthrop. Hie war ënnert anerem Vize-President vu Berkshire Hathaway, dem Geschäftsverband vu sengem Partner Warren Buffett.

Charlie Munger
Gebuer 1. Januar 1924
Omaha
Gestuerwen 28. November 2023
Santa Barbara
Nationalitéit USA
Educatioun California Institute of Technology
Aktivitéit Investisseur

Hien hat e puer Kanner a war zweemol bestuet. An der Hallschent vu sengem Liewe krut hie gréisser Problemer mat sengen Aen.

De Munger gouf nieft senge Geschäfter och bekannt fir seng Usiichten a Philosophien am Geschäftsberäich an op der Bourse. Eethik war him dobäi en Uleies. Vun de Kryptowärungen huet hie guer näischt Positives gehalen.

Zum Zäitpunkt vu sengem Doud war de Munger ënner den 1200 räichste Persoune weltwäit.