Pierre Wolff

lëtzebuergeschen Auteur

De Pierre Wolff, gebuer de 15. Abrëll 1859[1] zu Bäerdref an do gestuerwen de 6. Dezember 1895, war e lëtzebuergeschen Enseignant.[2]

Pierre Wolff
Gebuer 1. Januar 1853
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Schrëftsteller

Vun 1879 bis 1895 huet hien an der Normalschoul als Maître de calligraphie[2] respektiv Maître de dessin[1] Kalligraphie an Zeechnen enseignéiert. Hien hat sech den 20. August 1885 an der Stad Lëtzebuerg mat der Catherine Mathilde Ludvig bestuet.[3] D'Koppel, déi zwee Kanner hat,[2] huet och do gewunnt.[4]

De Pierre Wolff huet eng Rei vun Artikelen an der Zäitschrëft "Das Luxemburger Land" publizéiert,[1] virun allem Seeërcher a Legenden, déi vum Nicolas Gredt a säi "Sagenschatz des Luxemburger Landes" (1883) opgeholl gi sinn.[5]

Referenzen änneren

  1. 1,0 1,1 1,2 Blum, M, 1981. Bibliographie luxembourgeoise ou catalogue raisonné de tous les ouvrages ou travaux littéraires publiés par des Luxembourgeois ou dans le Grand-Duché actuel de Luxembourg. Première partie: Les auteurs connus. Nouvelle édition, complétée, avec introduction et index analytique, par Carlo Hury. First published 1902-1932. Reprinted 1981. München, Kraus International Publications, vol. 2: M-Z, S. 607. – Beim Blum steet e falsche Gebuertsdatum, nämlech den 1. Januar 1853.
  2. 2,0 2,1 2,2 Luxroots.
  3. Stad Lëtzebuerg, Regëster vun de Bestietnesser, 1885, Nr. 70.
  4. Gemeng Bäerdref, Stierfregëster, 1895, Nr. 12.
  5. N. Gredt: Sagenschatz des Luxemburger Landes. Band II. Index, Motiv- und Sachregister nach der Aufstellung von J. Dumont und A. Jacoby für den Druck vorbereitet von H. Rinnen. Esch-Alzette 1967, S. 14.