Christine Lagarde
D'Christine Madeleine Odette Lagarde, gebuer den 1. Januar 1956 zu Paräis, ass eng franséisch Politikerin an Affekotin, déi zënter 2019 Presidentin vun der Europäescher Zentralbank ass. Tëscht 2011 an 2019 war si Cheffin vum Internationale Wärungsfong (FMI) an do virdrun, vun 2007 bis 2011, Ministesch fir Wirtschaft, Finanzen an Industrie an der franséischer Regierung. Si ass déi éischt Fra op all eenzele vun deene Posten.
Christine Lagarde | |
---|---|
Gebuertsnumm | Christine Madeleine Odette Lallouette |
Gebuer |
1. Januar 1956 9. Arrondissement |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun |
Lycée François-Ier, Lycée Claude Monet, Holton-Arms School, Universitéit Paris-Nanterre, Institut d'études politiques d'Aix-en-Provence, École des beaux-arts d'Avignon |
Aktivitéit | Ekonomist, Affekot, Diplomat, Politiker, Banquier, Sportler |
Partei | Union pour un mouvement populaire |
Famill | |
Bestuet mat | Wilfried Lagarde, Eachran Gilmour, Xavier Giocanti |
Liewen a Karriär
ännerenD'Christine Lagarde ass zu Le Havre opgewuess an huet hire Secondaire do, souwéi och als Austauschschülerin op der Holton-Arms School zu Bethesda am amerikanesche Bundesstaat Maryland gemaach. Duerno huet si Droit op der Universitéit Paräis X studéiert a krut eng Maîtrise um Institut d'études politiques zu Aix-en-Provence. 1981 gouf si Affekotin um Barreau vu Paräis a gouf vum Affekotecabinet Baker McKenzie, dee weltwäit a Wirtschafstfroen aktiv ass, rekrutéiert. Do war si spezialiséiert Associée fir Aarbechtsrecht, Konkurrenzrecht a Fusiounen an Acquisitiounen. 1995 gouf si Member vum Exekutivcomité vum Cabinet zu Chicago, éier si véier Joer drop als éischt Fra an als éischt Net-Amerikanerin Presidentin vun deem Comité gouf. 2004 gouf si du Presidentin vum Globale Strategiecomité vu Baker McKenzie.[1]
Am Juni 2005 koum d'Christine Lagarde an déi franséisch Regierung ënnert dem President Jacques Chirac, deemools ënner der Leedung vum Premierminister Dominique de Villepin. Si gouf Ministesch fir Aussenhandel. No der Victoire vum Nicolas Sarkozy am Mee 2007 war si ee Mount laang Ministesch fir Landwirtschaft a Fëscherei an der Regierung vum Premierminister François Fillon, éier si am Juni 2007 zur Ministesch fir Ekonomie a Finanze ernannt gouf. Si war domat déi éischt Fra op deem Posten an an engem G8-Land. Wärend hirer Amtszäit huet si liberal Wirtschaftsreformen duerchgesat, ënner anerem an deem si den Aarbechtsmarché liberaliséiert, d'Grondsteier erofgesat a Spuerprogrammer fir den ëffentlechen Déngscht duerchgefouert huet.[2] Tëscht Juli an Dezember 2008 war si och d'Presidentin vum ECOFIN, dem Rot vun de Wirtschafts- a Finanzministere vun den EU-Memberstaaten. D'Gestioun vun der Finanzkris vun 2008 an hir Konsequenzen sinn och an hir Amtszäit gefall.[3]
De 5. Juli 2011 gouf si gewielt fir den Dominique Strauss-Kahn un der Spëtzt vum FMI ze ersetzen. Hiert Mandat gouf 2016 erneiert; si war déi eenzeg Kandidatin.[3] Am Dezember 2016 gouf si vun engem franséische Geriicht wéinst Vernoléissegung verurteelt fir hir Roll an der Affär ronderëm de Geschäftsmann Bernard Tapie, mee ouni datt eng Strof prononcéiert gouf.[4] Als Cheffin vum FMI hat si eng wichteg Roll an der Kriserettungspolitik vum Euro, déi 2010 lassgoung. Den FMI war zesumme mat der Europäescher Zentralbank (BCE) an der EU-Kommissioun Deel vun der sougenannter "Troika", déi verschidde Moosnamen imposéiert hu fir d'europäesch Wärung virum Kollaps ze retten. Déi Moossname goufen vun de concernéierten EU-Länner net gutt opgeholl, besonnesch am Kader vun der Wirtschaftskris a Griicheland.[2][5]
2019 ass d'Christine Lagarde als Generaldirektesch um FMI zréckgetruede fir als Nofollgerin vum Mario Draghi d'Presidence vun der Europäescher Zentralbank (BCE) ze iwwerhuelen. Bei der BCE huet si déi éischt strategesch Revisioun zënter 2003 duerchgefouert an d'Institutioun duerch d'Wirtschaftskris geleet, déi d'COVID-19-Pandemie provozéiert hat, an d'Inflatiounskris, déi 2021 ugefaangen huet.[6][7]
Weideres
ännerenAn hirer Jugend war d'Christine Lagarde Member vun der franséischer Nationalekipp am Synchronschwammen.[3]
2019, 2020, 2022 an 2023 rangéiert si op Plaz 2 op der Lëscht vun de mächtegste Fraen op der Welt vun der US-amerikanescher Zäitschrëft Forbes.
D'Christine Lagarde huet zwee Kanner.[1]
Éierungen
ännerenAm Abrëll 2012 krut si de Rang vum Offizéier an der franséischer Légion d'honneur,[3] 2021 krut si dunn nach de Grad vum "Commandeur" am Ordre national du Mérite de France. Donieft gouf si 2013 "Grand officier" am Ordre national de la République de Côte d'Ivoire.[8]
Si krut eng Rei Éierendoktorater, dorënner vun der Kathoulescher Universitéit Louvain, der Universitéit vu Montréal, an dem Robinson College vun der Universitéit vu Cambridge.[8][9]
Um Spaweck
ännerenCommons: Christine Lagarde – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
änneren- ↑ 1,0 1,1 nouvelobs.com: Christine Lagarde : biographie (18. Mee 2007)
- ↑ 2,0 2,1 marianne.net: Le rêve américain de la Macronie : Christine Lagarde, bientôt à Matignon ? vum Louis Nadau (14. Februar 2022)
- ↑ 3,0 3,1 3,2 3,3 imf.org: Christine Lagarde - Notice biographique (16. Juli 2019)
- ↑ lemonde.fr: Affaire Tapie : pourquoi Christine Lagarde a-t-elle été condamnée ? (19. Dezember 2016)
- ↑ bpb.de: Lagarde, Christine (gekuckt den 18. August 2024)
- ↑ politico.eu: Christine Lagarde: ECB must adapt to changing world vum Johanna Treeck a Florian Eder (14. Juni 2021)
- ↑ reuters.com: ECB's Lagarde 'really confident' inflation under control (21. Mee 2024)
- ↑ 8,0 8,1 ecb.europa.eu: La présidente de la Banque centrale européenne (gekuckt de 17. August 2024)
- ↑ hln.be: KU Leuven geeft IMF-directeur Christine Lagarde eredoctoraat vum Koen Louage (19. September 2012)