Neijoerschdag
Neijoer oder Neijoerschdag ass den éischten Dag vum Kalennerjoer. A bal alle Kulturen, mä mat ganz ënnerschiddlechen Zäitrechnungen an domat och Kalenneren, ass mat dem Neijoer och e Neijoerschfest verbonnen, dat domat och zu verschiddenen Zäite gefeiert gëtt:
- Bahai: Naw Ruz (kuckt Nouruz)
- buddhistesch an taoistesch: Tết Nguyên Đán (Vietnam) a chineesescht Neijoerschfest
- chrëschtlecht Neijoer: gëllt ë. a. zu Lëtzebuerg an a villen anere Länner als gesetzleche Feierdag
- islamesch: Hidschra
- jiddesch: Rosch ha-Schana
- iranesch: Nouruz
- japanesch: japanescht Neijoerschfest
Neijoer am westleche Kulturraum
ännerenAm westleche Kulturraum ass den 1. Januar als Termäin fir de Joresufank zanter dem Mëttelalter wäit verbreet. Onofhängeg dovu gouf a gëtt et a jee no Regioun verschidden Neijoerschtermäiner.
Ze beuechte si follgend, virun allem am kierchleche Beräich gebraucht Varianten:
- de Circumcisiounsstil léisst d'Joer den 1. Januar ufänken
- den Annunciatiounsstil 25. Mäerz
- de Chrëschtdagsstil 25. Dezember
- de Paschalstil tëscht dem 22. oder 23. Mäerz an dem 25. Abrëll.
Am Joer 153 v. Chr. hunn d'Réimer no hirem Kalenner de Joresufank vum 1. Mäerz op den 1. Januar, op den Dag vum Amtsuntrëtt vun de Konsule verluecht. Si hunn d'Joren och no den Amtszäite vun de Konsule genannt. Domat hunn och d'Zuelméint (September, de siwenten, Oktober, den aachten, November, den néngten, Dezember, den zéngten) hir entspriechend Positioune verluer.
Bis zum Festleeë vum Neijoerschdag am Joer 1691 duerch de Poopst Innozenz XII. op den 1. Januar huet a wäiten Deeler vun Europa de 6. Januar als Joresufank gezielt.
Allgemeng
ännerenHaut gehéieren a ville Länner Freedefeier a Knupperten zu Silvester a Joreswiessel, sou wéi Gléck- a Gesondheetswënsch am neie Joer.
Sou wënscht ee sech zum Beispill dacks „e gudde Rutsch“ an dat neit Joer. Dëst huet warscheinlech awer näischt mat „rutschen“ ze dinn, mä et kënnt op dat hebräesch „rosch“ 'Kapp, Ufank' zeréckgoen; dat jiddescht Neijoerschfest heescht op Hebräesch Rosch ha-Schanah (ראש השנה).
Grouss Kultur- a Sinfonieorchestere spillen am neie Joer dacks en Neijoerschconcert.
Lëtzebuerg
ännerenWéi iwwerall op der Welt ass et och zu Lëtzebuerg Usus, datt sech Frënn a Bekannte fir Neijoerschdag Gléck, Gesondheet an och soss alles Guddes wënschen. Bei dëser Geleeënheet kréien d'Kanner traditionell vun de Grousselteren an/oder dem Pätter an der Giedel en neit Jäerchen: e klenge Kaddo a Form vu Séissegkeeten oder Suen. Gewéinlech kritt och d'Personal vu verschiddene Beruffsstänn (de Bréifdréier, d'Zeitungsfra / -mann an d'"Männer vun de Kiwwelen") an den éischten Deeg vum Januar en Drénkgeld. Dës Traditioun verschwënnt awer lues a lues[1].
Literatur
änneren- Fritz Bünger: Geschichte der Neujahrsfeier in der Kirche. Göttingen 1911.
- Hermann Grotefend: Zeitrechnung des deutschen Mittelalters und der Neuzeit. 3. Bände, 1891-1898. Anmerkung: Obwohl im Titel von deutscher Zeitrechnung die Rede ist, stellt der Grotefend einen umfassenden Blick auf sehr viele Zeitrechnungen dar.
Kuckt och
ännerenUm Spaweck
ännerenCommons: Neijoerschdag – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
änneren- ↑ Quell vun dësem Kapitel: Hausemer, G., & Luxembourg Service Information et Presse. (2013). Apropos... Feste und Traditionen in Luxemburg (Säit 3). Luxembourg: Presse- und Informationsamt, gekuckt op luxembourg.public.lu den 9. Januar 2019