Vum Euro, der gemeinsamer Wärung vun 20 Memberstaate vun der Europäescher Unioun, gëtt et Mënzen an 8 verschiddene Wäerter. Dës goufen den 1. Januar 2002, zesumme mat 6 verschiddenen Eurobilljeeën, agefouert.

1 Euro ass an 100 Cent ënnerdeelt.

Beschreiwung änneren

Beschreiwung vun den Euromënzen
Nennwäert Duerchmiesser Déckt Mass Alliage Bord
€ 0,01 16,25 mm 1,67 mm 2,30 g Stol mat Koffer-Iwwerzuch glat
€ 0,02 18,75 mm 3,06 g glat mat enger Rill an der Mëtt
€ 0,05 21,25 mm 3,92 g glat
€ 0,10 19,75 mm 1,93 mm 4,10 g Kofferalliage (Nordescht Gold) Wellestruktur (geradderegte Bord)
€ 0,20 22,25 mm 2,14 mm 5,74 g glat mat 7 Kaulen
(Spuenesch Blumm)
€ 0,50 24,25 mm 2,38 mm 7,80 g Wellestruktur (geradderegte Bord)
€ 1 23,25 mm 2,33 mm 7,50 g bannendran: Koffer-Néckel-Alliage
ronderëm: Néckelbronze
6 Segmenter, déi noeneen
glat a mat renge Rille sinn
€ 2 25,75 mm 2,20 mm 8,50 g bannendrann: Néckelbronze
baussen: Koffer-Néckel-Alliage
reng Rille mat Schrëft
(verschidden no Land, dacks eng "2")

Viischt Säit änneren

D'viischt Säit (Avers) ass op de Mënze vun alle Länner déi selwecht; et gëtt 3 Designen, jee no 'Faarf', déi all vum Belsch Luc Luycx entworf goufen.

Op de Mënze vun € 0,01, € 0,02 a € 0,05 ass Europa a Relatioun zu der Welt duergestallt:

Bei de Mënze vun € 0,10 a méi gëtt et e liichten Ënnerscheed am Ausgesinn, jee nodeem, op se virun oder no 2006 geprägt goufen.

Mënzen, déi tëscht 1999 an 2006 erauskoumen änneren

Op deene vun € 0,10, € 0,20 a € 0,50 gëtt gewisen, wéi déi (bis Mee 2004) 15 EU-Memberstaaten zesummefannen. D'€ 1 an d'€ 2 hunn d'EU (zu 15) als Sujet.

Mënzen, déi vun 2007 un erauskomm sinn änneren

Well 2004 10 Memberlänner bäikoumen (vun deenen eent, Slowenien, 2007 den Euro agefouert huet), an 2007 nach eng Kéier 2, an dës Länner awer net op de Mënzen ze gesi waren, gouf 2005 decidéiert, amplaz vun der EU zu 15, de Kontinent Europa ze weisen.

Déi Mënze mam alen Design behalen awer hir Gëltegkeet a bleiwe weider am Ëmlaf.

Récksäit änneren

Jiddwer Land vun der Eurozon hat d'Méiglechkeet, selwer ze bestëmmen, wéi d'Récksäit (oder de Revers) vun de Mënze sollt ausgesinn. Eenzeg Virgaf: Déi 12 Stäre vum europäesche Fändel mussen drop ze gesi sinn. Sou gëtt et Länner wéi d'Belsch, déi op allen 8 Mënzen dat selwecht Bild hunn, anerer, wéi Däitschland, déi jee no 'Faarf', en aneren Design hunn, oder och, wéi Italien, wou et 8 verschidden Ofbildunge ginn.

Et gëtt eegen Artikele fir d'national Récksäiten:


Monaco, San Marino, d'Vatikanstad sinn zwar keng Memberstaate vun der EU, haten awer virum Euro Accorde mat Italien, resp. Frankräich, fir eege Mënzen erauszeginn. Dofir gi si och eege Mënzsätz an Euro eraus, déi awer a sou klengen Oploe sinn, dattse bal integral an den Albume vun de Sammler verschwannen. Andorra, dat virun der Aféierung vum Euro Franséisch Frangen a Peseten als Wärung hat, awer keng eege Mënzen, huet no der Aféierung vum Euro de facto dësen als Wärung benotzt. No engem Accord mat der EU duerft et vun 2014 un, wéi déi aner Mikrostaaten, a klenger Oplo Mënze mat eegener Récksäit klappen.

Ännerungen um Design änneren

D'Memberstaate mussen hir national Récksäit och op d'mannst 5 Joer bäibehalen. Als Ausnam ass de Fall virgesinn, wou en anere Monarch Staatschef géif, wéi deen, deem säi Bild op de Mënzen ass. Dëst geschouch 2006 mat de monegassesche Mënzen an deenen aus dem Vatikan, wou a béide Fäll de Staatschef 2005 gestuerwe war.

Den 3. Juni 2005 huet d'Europäesch Kommissioun, an Accord mat de Memberstaaten, eng Recommandatioun erausginn, déi festleet, datt all nei national Säiten den Numm vum Land (oder eng Ofkierzung dovun) sollen hunn, fir datt ee se besser erëmerkenne soll. Och sollt den Numm vun der Mënz net méi dropstoen, well dee schonn op der viischter Säit steet, et sief, an deem Memberstaat wier en anert Alphabet wéi dat Laténgescht am Gebrauch.

Och den Design vun de Mënze vun 10 Cent a méi gëtt, wéi uewe beschriwwen, vun 2007 un, op der viischter Säit progressiv geännert. Mënzen am alen Design behalen hir Gëltegkeet.

2-Euro-Gedenkmënzen änneren

Vun 2003 un hunn d'Memberstaate vun der Eurozon d'Méiglechkeet, ënner gewësse Konditiounen, 2-Euro-Gedenkmënzen erauszeginn, mat engem aneren Design op der nationaler Säit wéi deem gewinnten. Mat dëse Mënze kann an der ganzer Eurozon bezuelt ginn.

  Méi Informatioun doriwwer am Artikel: 2-Euro-Gedenkmënzen.

Gedenkmënzen an anere Wäerter änneren

Sou wéi fréier bei den nationale Wärungen, hunn d'Memberstaate vun der Eurozon d'Méiglechkeet, Gedenkmënzen an anere Wäerter (z. B. 10 Euro, 2 ½ Euro) aus méi edele Metaller, wéi z. B. Gold oder Sëlwer, erauszeginn.

Dës hu kee legale Cours an deenen anere Länner vun der Eurozon, a ginn och kaum am Land, wou s'erauskoume, benotzt fir ze bezuelen, well hiren tatsächleche Wäert iwwer deem vun hirem Nominalwäert ass.

1- an 2-Cent-Stécker änneren

Finnland hat vun Ufank un decidéiert (ausser fir d'Sammler) keng 1- an 2-Cent-Mënzen an Ëmlaf ze bréngen. An Holland gouf am September 2004 decidéiert, de Geschäfter dat selwecht z'erlaben.

Duerno hunn och nach d'Belsch (1. Dezember 2019), Irland (28. Oktober 2015) an Italien (1. Januar 2018) decidéiert, keng där klenger Mënze méi erauszeginn.

An de Butteker gëtt einfach no deem nooste Betrag, dee mat 5 oder 0 endegt, op- oder ofgerënnt. D'Mënzen, déi am Ëmlaf sinn, behalen awer hire Wäert, a se mussen (bis zu enger gewësser Zuel) beim Bezuelen acceptéiert ginn. Dat gëllt och a Finnland fir d'1- an 2-Cent-Stécker aus anere Memberstaaten.

Kuckt och änneren

Um Spaweck änneren

  Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer d'Europäesch Unioun.
Commons: Euro coins – Biller, Videoen oder Audiodateien