De Jerome David Salinger ("J.D. Salinger") gebuer den 1. Januar 1919 zu New York, a gestuerwen de 27. Januar 2010, war en US-amerikanesche Schrëftsteller. Hien ass virun allem bekannt fir säi Roman The Catcher in the Rye aus dem Joer 1951, enger an Ech-Form geschriwwener Geschicht vun engem jonke Mann vu 16 Joer, dee vun der Schoul geflunn ass, e puer Deeg zu New York ënnerwee ass ouni richteg ze wëssen, wouhin, an nach manner, wat e mat sech, sengem Frust a sengem Verlaangeren ufänke soll.

Jerome David Salinger
Gebuer 1. Januar 1919
New York
Gestuerwen 27. Januar 2010
Nationalitéit USA
Educatioun Columbia University
Aktivitéit Schrëftsteller, Romancier
Famill
Kanner Matt Salinger

De Salinger huet ganz zeréckgezu gelieft; 1965 ass säi leschten Artikel publizéiert ginn an dat lescht Interview, dat e ginn huet, war 1980.

Hien huet am Ganzen eng 35 Kuerzgeschichte publizéiert.

De Jerome David Salinger war de Papp vum Filmchauspiller Matt Salinger.

Publikatiounen änneren

    • "A Perfect Day for Bananafish" (1948)
    • "Uncle Wiggily in Connecticut" (1948)
    • "Just Before the War with the Eskimos" (1948)
    • "The Laughing Man" (1949)
    • "Down at the Dinghy" (1949)
    • "For Esmé – with Love and Squalor" (1950)
  • The Catcher in the Rye (1951)
    • "Pretty Mouth and Green My Eyes" (1951)
    • "De Daumier-Smith's Blue Period" (1952)
  • Nine Stories (1953)
    • "Teddy" (1953)
    • "Raise High the Roof-Beam, Carpenters" (1955)
    • "Seymour: An Introduction" (1959)
  • Franny and Zooey (1961)
  • Raise High the Roof Beam, Carpenters and Seymour: An Introduction (1963)

Literatur änneren

  • Ian Hamilton: Op zoek naar J. D. Salinger („In search of J. D. Salinger“) 1989
  • Paul Alexander: Salinger. A biography. Renaissance Books, Los Angeles 1999
  • Margaret A. Salinger: Dream Catcher. A memoir. Washington Square Press, New York 2000
  • Eberhard Alsen: A readers guide to J. D. Salinger. Greenwood Press, Westport, Conn. 2002