De Krautemergruef op der topogragraphescher Kaart vum Kadaster erëmzefanne mat dem Numm Crauthemergruef, ass eng kleng Baach um Territoire vun de Gemenge Réiser a Beetebuerg.

D'Baach entsteet aus dem Zesummelaf vun zwou klenge Baachen, op enger Héicht vun 270 Meter, tëscht de Lieu-diten Kaulegwisen a Roudemaacherbrill um Flouer vu Léiweng. Déi eng vun deene Baachen huet hir Quell net wäit vun der Kläranlag vu Beetebuerg, an déi aner um Bord vum Kazebësch op Kleng Gewännchen.

Vum Zesummelaf un leeft se de ganzen Zäit an Direktioun Nordosten, laanscht Krautem, wou vu lénks eng kleng Baach draleeft, an duerno weider bis op d'Héicht vu Réiser, wou s'um Flouer Buregstrachen op enger Héicht vun 266 Meter an d'Uelzecht leeft.