Schrondweilerbaach

lëtzebuergesch Baach

D'Schrondweilerbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Noumer, an e rietsen Niewefloss vun der Uelzecht.

D'Baach entsteet aus zwou klenge Baachen déi um Flouer Alemd, 1 Kilometer nordwestlech vu Schrondweiler op enger Héicht vun 260 Meter (Héicht ACT) zesummelafen.

D'Baach leeft vun do no Süde bis op Schrondweiler wou se ënner dem CR119 erduercht leeft fir 400 Meter méi wäit den éischten Niewefloss vu lénks ze kréien.

Dëst ass eng Baach déi duerch den Zesummefloss vun der Deifelbaach an der Noumerbaach 300 Meter méi héich entstanen ass.

Vun hei aus dréint se dann no Westen an no e puer honnert Meter net wäit vun der Schrondweiler Millen leeft dann nach vu lénks d'Glaberbaach, déi vum Glabecherhaff kënnt, dran.

Si leeft da weider a Richtung Kruuchten, leeft iwwer e Feldwee (Furt), an da lénks laanscht d'Uertschaft.

An der Uertschaft Kruuchten leeft se dann nach ënner dem CR123 erduerch fir 230 Meter weider an Uelzecht ze lafen.