Drosbech

Baach zu Lëtzebuerg


D'Drosbech ass eng Baach zu Lëtzebuerg an de Gemenge Leideleng, Lëtzebuerg an Hesper.

Drosbech
D'Drosbech op der Cloche d'or,
a Richtung Norde gekuckt.
Längt 8,6 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummelaf vun 2 Grief
Plaz Leideleng
Héicht 314 m
Koordinaten 49° 33’ 57.4’’ N
      06° 03’ 48.7’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Hesper
Héicht 260 m
Koordinaten 49° 34’ 31.8’’ N
      06° 09’ 13.10’’ O
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Leideleng, Gaasperech, Hesper

Si huet hir Quell am Weste vu Leideleng um Flouer Viischte Réidesch an Urbett[1] op enger Héicht vun ongeféier 330 Meter. Vun do aus leeft se no Osten a Richtung Cloche d'or, wou laanscht hir Uwänner 2020-2023 de Gaasperecher Park ugeluecht gouf.

Dono dréint se no Norden a Richtung Gaasperech an Houwald. Soubal wéi se do ënner der Diddelenger Autobunn erduerch ass, leeft se an enger Kanalisatioun weider ënner der Eisebunn an engem Stéck vun der Rue des Scillas erduerch, fir hanner dem Tennisfeld vum Houwald an der Griecht mam Numm Schleed erëm aus dem Buedem erauszekommen.

Da leeft se duerch déi Griecht bis op Hesper, fir do op enger Héicht vun 260 Meter vu lénks an d'Uelzecht ze lafen.

D'Drosbech ass ronn 8.600 m laang an ausser engem Gruef zu Zéisseng dee vun der Brommeschheck hierkënnt huet se keng nennenswäert Niewebaach.

A reegelméissegen Ofstänn gëtt se verknascht, esou am November 2017[2], am Mäerz 2020[3], am Juni 2021[4]

Fotoen änneren

Kuckt och änneren


Um Spaweck änneren

Commons: Drosbech – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten änneren

  1. Quell vun der Drosbech op www.geoportail.lu, der offizieller Plattform fir geographesch Donnéeën a Servicer vun der Administration du cadastre et de la topographie
  2. Unbekannter verschüttet Farbstoff: Drosbach erstrahlt in Grün, wort.lu den 3. 11. 2017
  3. Drosbech nees eng Kéier komplett "verdreckst", rtl.lu den 19. 3. 2020
  4. Duerch Bauaarbechten ass Ofwaasser an d'Drosbech geroden, rtl.lu den 3. 6.2021