Naturschutzgebitt Réiserbann

Naturschutzgebitt zu Lëtzebuerg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Réiserbann ass en Naturschutzgebitt an de Gemengen Hesper a Réiser. Tëscht Hesper a Peppeng erstreckt sech e Fiichtgebitt, dat vun der Uelzecht duerchzu gëtt a wou vun 352,67 ha zanter dem 8. September 1994 ënner Naturschutz stinn.[1] D'Gebitt deelt sech an e Kärberäich vun 24,9 ha am nërdleche Lieu-dit Réiserbann an an eng 327,77 ha grouss Pufferzon op.

Naturschutzgebitt
Réiserbann
Land Lëtzebuerg
Plaz Réiser, Hesper
Fläch 352,67 ha
Nationalcode ZH 49
Koordinaten 49°33'14"N, 6°8'49"O
Status Geschützt Zon vun nationalem Intressi
Geschützt zanter 8. September 1994

Am Kader vun der EU-Vulleschutzdirectiv (79/409/CEE) gehéiert d'Reserv zesumme mat fënnef anere Reserve mat 1040 ha gläichzäiteg dem europäeschem Natura 2000 Netz vu schützenswäerte Gebidder un.

  1. Règlement grand-ducal du 8 septembre 1994 déclarant zone protégée la zone humide Roeserbann englobant des fonds sis sur les territoires de la commune de Hesperange et de la commune de Roeser. - Legilux. legilux.public.lu. Gekuckt de(n) 2020-01-09.