Kiemelbaach

Baach zu Lëtzebuerg


D'Kiemelbaach ass eng lëtzebuergesch Baach um Territoire vun de Gemenge Monnerech a Schëffleng. Se ass e lénksen Niewefloss vun der Uelzecht a gehéiert domat zum Anzuchsgebitt vun der Sauer an der Musel an doriwwer eraus zum Baseng vum Rhäin.

Kiemelbaach
Am ieweschte Laf: Brillbaach
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Originn
Originn Zesummelaf vu Baachen
Plaz Monnerech
Koordinaten 49° 30’ ..’’ N
      05° 57’ ..’’ O
Konfluenz
Leeft an d'Uelzecht
Plaz Flouer Schiwer
Héicht 276 m
Koordinaten 49° 30’ 55.5’’ N
      06° 01’ 28.0’’ O
Haaptnieweflëss Bréckenderbaach
Kazebaach
Geographie
Land Lëtzebuerg
Uertschaften Monnerech, Féiz, Schëffleng

D'Kiemelbaach huet hiren onbestëmmten Ursprong bei e puer Baachen ouni Numm, déi ëstlech vun Zolwer an der Burwiss an an der Neiwiss zesummelafen. Dës Baach leeft dann zu Éilereng, als Brillbaach, ënner dem CR110 an der A13 erduerch, fir dann, um Territoire vun der Gemeng Monnerech, als Kiemelbaach südlech vun der Uertschaft Monnerech viru Richtung Osten ze lafen. Um Enn vun der Uertschaft hëlt se vu lénks d'Kazebaach op.

Op der Héicht vum Uschloss vun der A13 mat der A4 leeft se ënnert dësen zwou erduerch, südlech laanscht d'Industriezon vu Féiz, ënnert dem CR169 erduerch, fir dann hannert der Neimillen, am Natura-2000-Vulleschutzgebitt "Ieweschten Uelzechtdall", vu lénks an d'Uelzecht ze lafen.

2014 goufen déi gëfteg Schwéiermetaller Bläi, Zénk a Cadmium an der Baach nogewisen, 2016 huet den Ëmweltministère och nach héich Nitritwäerter, Ammonium an organesche Kuelestoff festgestallt. Et gëtt ugeholl, datt déi Verknaschtunge vu Sickerwaasser vum Lallenger Schlakentipp, oder Ofwaasser aus der Industriezon Um Monkeler (wéinst falschen Uschlëss bei der Kanalisatioun) hierkënnt. Am Kader vum Amenagement vun der Industriezon Op Herbett huet d'Schëfflenger Gemeng 2019 ugekënnegt, d'Kiemelbaach do ze renauturéieren.[1] Dëst geschouch am Laf vun 2020.[2]

Kuckt och änneren


Referenzen änneren

  1. "Monkeler: Noch immer ungelöste Fragen." wort.lu, 09.09.2019.
  2. "Straßensperrung zwischen Foetz und Schifflingen dauert an." wort.lu, 13.10.2020.