Mëtschbaach

lëtzebuergesch Baach


D'Mëtschbaach ass eng lëtzebuergesch Baach an der Gemeng Noumer.

Si huet hir Quell op enger Héicht vu ronn 318 Meter nordëstlech vum Seylerhaff a leeft vun do no Südwesten laanscht de Klenge Buerghaff, tëscht dem Buerghaff an dem Schleederhaff erduerch, fir dann nodeem se ënner dem CR123 erduerch ass, beim Schleederbierg op enger Héicht vun 210 Meter vu riets an d'Uelzecht ze lafen.

D'Mëtschbaach ass ronn 4,5 km laang.