Service d'administration nationale des données et référentiels sur l'eau

De Service d'administration nationale des données et référentiels sur l'eau, kuerz Sandre, ass de franséischen Administratiounsservice vun den Daten a Beleger iwwer d'Waasser, deen am Kader vum franséischen Informatiounssystem fir Waasser (SIE) schafft.

Seng Haaptmissioun ass d'Aféierung an Ëmsetzung vun enger universeller "Sprooch" fir Waasserdatenechangen, d. h. e beméit sech fir d'Daten ze norméieren, soudatt tëscht de Produzenten, de Benotzer an den Datebanken ënnereneen d'Definitioun an den Austausch vu Waasserdate kompatibel an homogeen gëtt. Do dernieft schaaft a publizéiert en och nach detailléiert Datendictionnairen an Ënnerlagen iwwer d'Waasser.

Um Spaweck änneren