Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

Als Originn gëtt an der Hydrographie oder Hydrologie déi Plaz bezeechent wou e Waasserlaf säin Ufank huet. An deem Sënn kann d'Originn no verschiddene Krittären definéiert sinn:

  1. De Waasserlaf entsteet aus enger Quell an huet och do seng administrativ Originn sou wéi se vun der Verwaltung vum respektive Land ugesi gëtt.
  2. De Waasserlaf entsteet aus dem Zesummelaf vun zwéin oder méi anere Waasserleef. An deem Fall gëtt déi Konfluenz als Originn ugesinn.
  3. De Waasserlaf entsteet aus ganz ville Grief. An deem Fall kritt dee leschte Gruef an der Rei dee mat den aneren zesummen eng bestëmmt Fläch drainéiert[1] eng Originn zougewisen.
  4. Et gouf mol fréier eng Quell déi awer aus urbanistesche Grënn oder wéinst industrielle Konstruktiounen oder aneren Infrastrukture verschwonnen ass. An deem Fall leet d'Waasserverwaltung vum Land eng Plaz fest vun där un de Waasserlaf seng administrativ Originn huet. Dat ass z. B. de Fall bei der Uelzecht

Notten änneren

  1. Déi Fläch ass net iwwerall d'selwecht definéiert. An der Belsch ass dofir z. B. eng Fläch vun 100 Hektar d'Norm